De Memor II+ ass e Sécherheets- a Vitesskrontrollsystem um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz. Et ass eng verbessert Editioun vum belsche Memorsystem, an deem Sënn datt en eng forcéiert Bremsung ka provozéieren.

E gouf 2004 installéiert a gëtt 2017 mam, vun do un, obligatoreschen ETCS ersat.

Fonctionnement änneren

De System besteet aus zwou Komponenten, wouvun déi eng u Bord vun der Zuchmaschinn oder um Steierwon installéiert ass, an déi aner eng Buedemkomponent ass, déi aus de sougenannte Krokodiller besteet, déi zesumme mat den Haapt- a Virsignaler funktionéiert. D'Virignaler si mat engem Krokodil ekipéiert an d'Haaptsignaler mat zwee.

  • Bei Virsignaler (oder och Luesfuerpanneauen), déi Halt oder Luesfaart annoncéieren, steet d'Krokodil ënner enger Spannung vun 20 Volt. D'Bordkomponent vum Memor II+ vergläicht d'Vitess mat enger Bremskurv no där de Lokführer den Zuch no 800 Meter op eng Vitess vun ënner 60 km/h ofgebremst muss hunn, soss kritt den Zuch eng Zwangsbremsung. No deenen 800 Meter ass d'Iwwerwaachung eriwwer an da kann de Lokführer theoreetesch erëm d'ursprénglech Vitess fueren; et ass also keng wierklech Sécherheet garantéiert.
  • Haaptsignaler si mat zwee Krokodiller am Maximalofstand vun 11 Meter bestéckt. Wann d'Signal Faart oder Luesfaart affichéiert, dann ass dat éischt Krokodil mat -20 Volt alimentéiert an dat zweet ass ofgeschalt. Wann den Zuch laanscht d'Signal fiert erkléngt a verschiddenen Zich (z. B. dem Dosto) e Gong, a wann d'Signal virdru mat Luesfaart annoncéiert gouf, gëtt d'Iwwerwaachung ofgeschalt. Wann d'Signal zou (rout) ass, läit u béide Krokodillen eng Spannung vu +20 Volt un. Soubal wéi den Zuch déi zwee Krokodiller passéiert huet leet d'Bordkomponent eng Zwangsbremsung an.

Um Spaweck änneren