CFL 3600
Nummeréierung: 3601-3620
Stéckzuel: 20
Constructeur: MTE
Baujoer: 1958 - 1960
Ausmusterung: Mäerz 2005
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 18.650 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 120 km/h
Stroumsystemer: 25 kV Wiesselstroum
Leeschtung: 2.650 kW

D'CFL 3600 sinn eng Serie vun elektresche Lokomotiven déi tëscht 1958 an 2005 beim CFL am Asaz waren. Si si baugläich mat der BB 12000 vun der SNCF. D'Spëtznimm vun där Serie si "Streckeisen" oder d'"Lëtzebuerger Krokodil".

Allgemenges änneren

Vun 1956 u goufen d'Eisebunnsstrecke fir an d'Industriestied vum Minett, mat Hëllef vu franséischem Kapital, elektrifizéiert an d'CFL hu sech op d'Sich no Material gemaach fir op deene Strecken ze fueren. Well Frankräich als eenzegt Land an deem Ament de selwechte System hat, a fir sech wéinst der Hëllef bei der Elektrifizéierung ze revanchéieren, goufe bei der Firma MTE 20 Lokomotive fir 25KV 50 Hz Wiesselstroum bestallt. Well et e ganz laangen Delai gouf, gouf sech mat der SNCF zesummegedoen an et gouf 3 Maschinnen aus der Serie 12000 als Géigeleeschtung fir d'Hëllef bei der Muselkanaliséierung un d'CFL geliwwert. Dat waren d'3601-3603. Déi reschtlech 17 Maschinne goufe regulär bei MTE kaaft.

Bei der Liwwerung waren d'Maschinne Standardblo lackéiert, no enger Testphase an där se "Toledogro" waren, si se an den 1960er Jore du bordeaux a giel lackéiert ginn.

D'3600er si souwuel am Giddertransport, wéi och am Persouneverkéier agesat ginn. Am Asaz mat de Wegmann-Voiturë hu se iwwer vill Joren d'Bild vum Regionaltrafic zu Lëtzebuerg markéiert. Am internationale Persounentrafic si se bis op Paräis gefuer.

2 Maschinne vun der Serie sinn am Laf vun de Joren accidentéiert. D'3615 ass 1970 tëscht Belval a Bieles accidentéiert an d'3614 ass 1997 um Houwald beim Accident op der Zwickau mat engem Persounenzuch kollidéiert.

Dee leschten offiziellen Asaz am Betrib mat enger 3600er war de 15. Mäerz 2005. Den 28. Mäerz 2005 war nach eng speziell Abschidsfaart tëscht Ëlwen an der Stad.

 
Déi frësch restauréiert 3608 an der Gare Lëtzebuerg

D'3600 haut änneren

Haut gëtt et nëmmen nach 2 Maschinnen. D'3602 steet am Eisebunnsmusée Bahnpark Augsburg an Däitschland. D'3608 gouf tëscht 2005 an 2013 vu Fräiwëllege vun der 1604 classics asbl komplett restauréiert an huet als technesch Ierfschaft beim Institut national pour le patrimoine architectural eng nei Heemecht fonnt. Den 12. an 13. Oktober 2013 gouf se fir d'éischt an der Gare Lëtzebuerg der Ëffentlechkeet virgestallt.

Um Spaweck änneren

Commons: CFL 3600 – Biller, Videoen oder Audiodateien