Wale fir d'Europäescht Parlament 2014 (Lëtzebuerg)

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2014 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2014-2019 vertrieden.

Si goufen de 25. Mee 2014 ofgehalen, fir d'éischt Kéier ouni datt gläichzäiteg Chamberwale waren. De selwechten Dag waren och a 5 Gemenge Referenden iwwer méiglech Gemengefusiounen.

Am Ganzen hu 54 Kandidaten op de Lëschte vun 9 Parteie kandidéiert.

Parteien änneren

 
Walziedel mat de Kandidaten.

Déi heite Parteien hunn hir Lëschten agereecht; d'Nummere goufen de 27. Mäerz 2014 ausgeloust:[1]

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme ofginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Dës kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht), oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder verschiddene Lëschte stinn.

D'Wale fir d'Europaparlament sinn obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer, an et däerfen och Bierger vun aneren EU-Staaten drun deelhuelen, déi zu Lëtzebuerg wunnen a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn. EU-Bierger déi zu Lëtzebuerg wëlle wielen, mussen 2 Joer am Land wunnen.

Resultat änneren

D'Walbedeelegung louch bei 85,5 %.

D'CSV huet däitlech gewonnen a gouf mat Ofstand déi stäerkst Partei. D'Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng hunn do dergéint zum Deel zolidd verluer par rapport zu 2009. Déi Gréng goufe fir d'éischte Kéier, hanner der CSV, déi zweetstäerkst Partei. D'LSAP huet mat 11,7 % hiert historescht niddregst Resultat erreecht. D'ADR an déi Lénk hu Stëmme bäikritt, d'KPL huet liicht u Stëmme verluer. D'Piratepartei an d'PiD waren eng éischt Kéier bei den Europawalen dobei, woubäi d'Piraten am éischt Siess 4,23 % kruten. Trotz de respektive Gewënner, respektiv Verloschter, huet sech am Verglach zu 2009 näischt un der Sëtzverdeelung geännert.

Am Eenzelen hunn d'Parteien déi heite Resultater kritt:[2]

Europawal zu Lëtzebuerg 2014
Partei Europapartei Fraktioun am EP Prozent vun de Stëmmen Verännerung Sëtz Verännerung
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) EVP EVP-Fraktioun]] 37,65% +6,29% 3 ±0
Déi Gréng EGP Gréng/EFA-Fraktioun 15,01% -1,82% 1 ±0
Demokratesch Partei (DP) ALDE ALDE-Fraktioun 14,77% -3,89% 1 ±0
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) SPE S&D-Fraktioun 11,75% -7,73% 1 ±0
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) AECR 7,53% +0,14% 0
Déi Lénk EL 5,76% +2,39% 0
Piratepartei Lëtzebuerg PPEU 4,23% +4,23% 0
Partei fir Integral Demokratie (PiD) 1,82% +1,82% 0
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) 1,49% -0,05% 0
Total 100,0 6

D'Sëtz ginn an enger éischter Auszielung un d'Parteie verdeelt. Eréischt da gëtt gekuckt, wat fir (e) Kandidat(en) bannent de Parteien, déi een oder méi Sëtz kruten, déi meescht Stëmme krut(en).

Gewielt goufen änneren

Den 2. Juli 2018 ass d'Tilly Metz fir de Claude Turmes nogeréckelt, dee Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère gouf.

Am Septermber 2018 ass de Christophe Hansen fir d'Viviane Reding nogeréckelt, déi fir d'Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kandidéiert huet.

Portraiten änneren

Nogeréckelt:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Europawahlen: D'Lëschtenummere fir de Vote vum 25. Mee si raus." rtl.lu, 27.03.2014, 11:35:00.
  2. Vgl. Resultater op elections.public.lu.