Haaptmenü opmaachen

Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten

Logo Parteizentral
ACRE Logo.jpg Rue d'Arlon 40
1000 Bréissel
Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1. Oktober 2009
Ausriichtung: konservativ
europaskeptesch
wirtschaftlech liberal
Fraktioun: Europäesche Konservativ
a Reformisten
Faarf: Blo a Wäiss
Websäit: www.acreurope.eu

D'Europäesch Konservativ a Reformiste-Partei (en.: European Conservatives and Reformists Party (ECR-Party); fr.: Parti des Conservateurs et Réformistes Européens; de.: Europäische Konservative und Reformer-Partei) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Bis Juli 2019 huet si Allianz vun de Konservativen a Reformisten an Europa a virdrun bis Oktober 2016 Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten geheescht.[1]

Si ass europaskeptesch a vertrëtt allgemeng konservativ konservativ Wäerter a wirtschaftsliberal Prinzipien. D'ACRE setzt sech deementspriechend aus 18 aneren europäesche Parteien mat enger ähnlecher Ideologie zesummen, dorënner déi lëtzebuergesch ADR, déi britesch Conservative Party, déi polnesch Prawo i Sprawiedliwość oder déi spuenesch Vox. Zesumme mat Vertrieder vun der Europäescher Chrëschtlecher Politescher Beweegung (ECPM) an der Europäesch Fräi Allianz (EFA) bilt si d'Fraktioun Europäesch Konservativ a Reformisten.

D'Partei hat 2015 49 Deputéiert am Europaparlament. Am Europäesche Rot ass d'Partei mat de Regierungscheffe vu Groussbritannien a Polen vertrueden. (Stand: Juli 2019)

2019 hat ACRE 19 Memberparteien aus der EU an 20 aus net EU-Staaten.[2] No den Europawalen 2019 hat d'Fraktioun vun der ACRE 62 Deputéiert, dat sinn 8,26% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[3] Déi Zuel wäert sech nom Brexit änneren, wann déi britesch Deputéiert hire Sëtz am Parlament verléieren.

Commons: Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Pressecommuniqué: AECR to change its name to ACRE (6. Oktober 2016)
  2. ACRE Member EU Parties List (gekuckt de 5. Juli 2019)
  3. European Parliament: 2019 - 2024 (2. Juli 2019)