Tilly Metz
D'Tilly Metz, gebuer de 26. Mee 1967 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (déi gréng). Si ass zanter dem 2. Juli 2018 Member vum Europäesche Parlament[1], wuer si fir de Claude Turmes nogeréckelt ass, dee Staatssekretär am Ëmweltministère, an der Regierung Bettel-Schneider, gouf.[2]
Tilly Metz | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
26. Mee 1967 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Politiker, Lycéesprofesser |
Partei | déi gréng |
D'Tilly Metz war vun 2005 bis 2011 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Weiler-la-Tour. Vun 2017 bis 2018 war si am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Si war bis 2009, zesumme mam Carlo De Toffoli, ee vun de Porte-Parolen vun deene Gréngen.
Si ass Psycho-Pedagogin vu Formatioun, a war vun 1994 bis 2017 Professesch am Lycée technique pour professions éducatives et sociales, wou si vun 2014 bis 2017 Attachée à la directioun war, an zanter 2017 Directrice-adjointe. Vun 1994 bis 2005 war si och Enseignante um IEES an tëscht 2004 an 2006 Chargée de cours associée op der Uni Lëtzebuerg.[3]
2012 bis 2014 war si Coordinatrice vun der Cellule Indépendante Fusions Communales (CIFC), als Chargée de mission am Inneministère[3].
Den 2. Juli 2018 ass si fir de Claude Turmes am Europaparlament nogeréckelt, well hien e Posten an der Lëtzebuerger Regierung iwwerholl huet. Am Juni 2019 huet si fir d'Europawale kandidéiert a krut hiert Mandat als ee vun de sechs Lëtzebuerger Deputéierten am Europaparlament confirméiert[5].
D'Tilly Metz ass ë. a. Presidentin vun der Associatioun Multiple Sclérose Luxembourg an am Nationalrot vun de Fraen zu Lëtzebuerg.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Fiche Tilly Metz op europarl.europa.eu, dem Site vum EP.
ReferenzenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 Fiche Tilly Metz op europarl.europa.eu.
- ↑ "Claude Turmes choisi pour remplacer Camille Gira." lessentiel.lu, 29.05.2018
- ↑ 3,0 3,1 Fiche op vdl.lu]