Wale fir d'Europäescht Parlament 1984 (Lëtzebuerg)
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1984 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1984-1989 vertrueden hunn.
Si goufen de 17. Juni 1984 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1984, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
Als Resultat huet d'DP hiren zweete Sëtz zu Gonschte vun der LSAP verluer, déi der elo hirersäits zwéin hat.
Resultat
ännerenPartei | % | Ënnerscheed | Sëtz | Ënnerscheed | |
---|---|---|---|---|---|
CSV (Chrëschtlech Sozial Vollekspartei) |
33,90 | -2,22 | 3 | - | |
LSAP (Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei) |
29,93 | +8,29 | 2 | +1 | |
DP (Demokratesch Partei) |
22,07 | -6,05 | 1 | -1 | |
GLEI-GAP | 6,08 | N/A | 0 | N/A | |
KPL (Kommunistesch Partei Lëtzebuerg) |
4,08 | 0,92 | 0 | - | |
PSI (Parti Socialiste Indépendant) |
2,56 | N/A | 0 | N/A | |
LCR (Ligue communiste révolutionnaire) |
0,38 | -0,79 | 0 | - | |
Total | 100 | - | 6 | - | |
Quell: CEVIPOL, ULB |
Deputéiert
änneren- Nicolas Estgen (EVP) op d'5. Plaz gewielt de Jacques Santer, Jean-Claude Juncker, Jean Spautz, Fernand Boden an Marc Fischbach ginn an d'Regierung Santer-Poos I
- Marcelle Lentz-Cornette (EVP) op d'7. Plaz gewielt
- Ernest Mühlen (EVP) op d'9. Plaz gewielt den Edouard Juncker ass an d'Chamber gaang
- Victor Abens (ESP) op d'1. Plaz gewielt
- Lydie Schmit (ESP) († 1988) op d'5. Plaz gewielt de Jacques Poos, Robert Krieps, Benny Berg an Robert Goebbels ginn an d'Regierung Santer-Poos I
- Joseph Wohlfart (ESP) (vun 1988 un; amplaz vun der L. Schmit) op d'7. Plaz gewielt
- Colette Flesch (ALDE)
Kuckt och
änneren- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Europadeputéierten (1979 bis haut).
Literatur
änneren- Steve Bissen, Europawahl 1984: LSAP zieht an Liberalen vorbei op wort.lu den 8. Abrëll 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 8. Abrëll 2019, Säit 2