Édouard Juncker

Lëtzebuerger Politiker
(Virugeleet vu(n) Edouard Juncker)
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ernest[1], genannt Édouard (Ed) Juncker, gebuer den 30. Juli 1921 zu Dol, a gestuerwen den 20. Januar 1999 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Vu Beruff war den Ed Juncker Krankefleeger am Ettelbrécker Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP).

Édouard Juncker
Gebuer 30. Juli 1921
Dol
Gestuerwen 20. Januar 1999
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Seng Karriär änneren

Soss änneren

Den Ed Juncker huet e groussen Undeel un der Aféierung vum Remembrance-Day zu Ettelbréck (Gedenken un déi gefalen Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich).

D'Stad Ettelbréck huet hire Kulturzentrum nom Ed Juncker benannt: Centre des arts pluriels Edouard-Juncker. Den Ed Juncker war de Monni vum Staatsminister Jean-Claude Juncker. Hien huet 1984, no engem excellente Walresultat, op eng Ministeschplaz verzicht, well soss säin Neveu net hätt kënnen an der Regierung bleiwen.

Den Ed Juncker war mat der Bertha Goergen bestuet. Hir Duechter Edmée Feith-Juncker, gebuer de 5. Juli 1953 zu Dikrech, gouf am Oktober 1999 an den Ettelbrécker Gemengerot gewielt wou si zanter dem 1. Januar 2000 ass.

Undenken un den Ed Juncker änneren

 
Dem Ed Juncker seng Verdéngschter als Ettelbrécker Buergermeeschter goufen am Internet honoréiert (Fotosäit iwwer Ettelbréck)

Um Spaweck änneren

  1. Bulletin de documBulletin de documentation n° 5 de l'année 1984 présentant les résultats des élections législatives et européennes du 17 juin 1984, S. 8