Revolutionär Sozialistesch Partei (Lëtzebuerg)

D'Revolutionär Sozialistesch Partei (RSP) war eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi sech als trotzkistesch verstanen huet.

Aus verschiddenen, net u politesch Parteie gebonne Gruppen, huet sech Enn der 1960er Joren eng Grupp vu Leit erausgeschielt, déi 1970 d'Ligue communiste révolutionnaire (LCR) gegrënnt hunn, de Virleefer vun der RSP. De "Virsëtzende" war de Marc Henri Reckinger, deen déi Zäit Zeecheprofesser am Escher Jongelycée war.

Nodeem am Kader vun der Allgemenger Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenten d'Stréimung "Sozialistesch Revolutionär Lénk" entstanen ass, hunn d'Aktiviste vun dëser Stréimung am Mee 1970 eng eegen Editioun vun der Zeitung Klassenkampf erausginn, déi herno en zentraalt Organ vun der Liga gouf[1].

D'Liga gouf déi offiziell lëtzebuergesch Sektioun vun der trotzkistescher internationaler Organisatioun Véiert International.

Um 6. Kongress vun der Liga am Dezember 1984 gouf hir Ëmgestaltung an déi "Revolutionär Sozialistesch Partei" decidéiert. Et ass och e jonke Fligel vun där neier Partei entstanen, déi "Revolutionär sozialistesch Jugend"[2].

Am Januar 1999 huet d'RSP sech mat der Kommunistescher Partei an der Neier Lénk zum Parteiblock Déi Lénk vereenegt. Bei de Walen am selwechte Joer krute se 3,3 % vun de Stëmmen an ee Sëtz an der Chamber.

Referenzen änneren

  1. Zeitungen in Luxemburg 1704—2004, S.224
  2. Robert J. Alexander, International Trotskyism, 1929—1985: A Documented Analysis of the Movement, Durham, Duke University Press, 1991. S.606