Marcelle Lentz-Cornette
D'Marcelle Lentz-Cornette, gebuer den 2. Mäerz 1927 zu Nidderkuer, a gestuerwen den 29. Januar 2008, war eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).
Marcelle Lentz-Cornette | |
---|---|
Gebuer |
2. Mäerz 1927 Nidderkuer |
Gestuerwen | 29. Januar 2008 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Sorbonne – Paris IV |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Si war laang Zäit an der Chamber (Éierendeputéiert) an och Member vum Europaparlament. Si war zanter 1956 mam Dr. Albert Lentz bestuet.
Formatioun
änneren- Meedercherslycée zu Esch-Uelzecht
- Héichschoul zu Paräis op der Sorbonne
- Doktorat an den Naturwëssenschaften (Optioun Chimie)
Berufflech Karriär
änneren- Professesch am Meedercherslycée zu Esch-Uelzecht (1952-1964)
- Detachéiert un d'Beruffsschoul zu Esch-Uelzecht (1956)
Politesch Karriär
änneren- Gemengeconseillère an der Gemeng Suessem (1968-1985),(1997-1999),(2001-2003)
- Schäffen (1970-1980)
- Deputéiert an der Chamber (1979-1999)
- Member vum Europaparlament (1980-1989)
- Member vum Parlament vum Conseil de l'Europe (1989-1999)
- Deputéiert vum Parlament vun der UEO (1994-1999)
Gielercher a Verdéngschter
änneren- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1999)[1]
- Grosses Bundesverdienstkreuz
- Matgrënnerin vu "Kanner hëllefe Kanner"
- Matgrënnerin vu "Mammen hëllefe Mammen"
Literatur
änneren- Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302 [Marcelle Cornette: S. 235].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.