Robert Krieps

lëtzebuergesche Politiker

De Robert Ernest Krieps, gebuer de 16. Oktober 1922 zu Duelem[1], a gestuerwen den 1. August 1990, war e lëtzebuergesche Politiker.

Robert Krieps
Gebuer 16. Oktober 1922
Duelem
Gestuerwen 1. August 1990
Clamart
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Papp Adolphe Krieps

Liewen änneren

Säi Papp war den Adolphe Krieps.

Am Zweete Weltkrich war hien an de Konzentrationslager vun Hinzert, Natzweiler-Struthof an Dachau internéiert. Am Dokumentarfilm "Schwaarze Schnéi" vun 1985 erzielt hien an aner 25 Lëtzebuerger wat si an de Konzentratiounslager matgemaach hunn.

Nom Krich huet hie säi Studium fäerdeg gemaach an ass Affekot ginn. Vun 1952 bis 1953 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Hie war sozialisteschen Deputéierten an der Chamber vun 1964 bis 1968 a vun 1979 bis 1984. Bei de Wale vun 1984 an 1989 gouf hien zwar gewielt, huet awer allkéiers op säi Mandat verzicht, well hie Minister gouf.

Vun 1974 bis 1979 war hie Minister fir Bildung, Justiz a Kultur an der Regierung Thorn-Vouel-Berg a vun 1984 bis 1989 Minister fir Justiz, Kultur an Ëmwelt an der Regierung Santer-Poos I.

Bei de Chamberwale vun 1989 ass hien och erëm gewielt ginn, huet awer fir d'Europäescht Parlament optéiert, deem hie vun 1989 bis zu sengem Doud ugehéiert huet.

Vun 1980-1985 war de Robert Krieps President vun der LSAP.

De Robert Krieps war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[2]

Hien ass de Papp vum Bob Krieps an de Grousspapp vun der Schauspillerin Vicky Krieps.[3]

Literatur änneren

  • Franz Fayot, Marc Limpach (sous la direction de): Robert Krieps (1922-1990) - Démocratie, Justice, Culture, Education ; erausgi vun der Fondation Robert Krieps; 'Édition Le Phare', Esch/Uelzecht, 2009; 480 Säiten; ISBN 978-2-87964-115-7
  • Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, 330 S. [Robert Krieps: S.120-121].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Krieps – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gebuertsakt Nr.18/1922 vum 17. Oktober 1922 vun der Gemeng Duelem (Gebuert "gestern")
  2. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.
  3. Kate Kellaway Actor Vicky Krieps: I spent a whole day staring into greenery to avoid Daniel Day-Lewis, in The Guardian, 21. Januar 2018