Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Konferenz vu Jalta (och alt Krim-Konferenz genannt) war eng diplomatesch Reunioun vun der alliéierte Staatscheffe Franklin D. Roosevelt (USA), Winston Churchill (Vereenegt Kinnekräich) a Josef Stalin (UdSSR) zu Jalta, enger Biederstad op der Krim, déi vum 4. bis den 11. Februar 1945 goung.

Gruppefoto um Enn vun de Verhandlunge vu lénks: Winston Churchill, Franklin D. Roosevelt a Josef Stalin.
De Liwadija-Palais (2013).

Et war déi zweet vun dräi Reuniounen op héchstem Niveau vun de "Groussen Dräi" am, respektiv nom Zweete Weltkrich (1939–1945).

Bei der Konferenz goung et virun allem drëm, wéi Däitschland opgedeelt sollt ginn, méi allgemeng, wéi d'Muecht an Europa nom Krich verdeelt sollt ginn, a wéi et mam Krich géint d'Japanescht Keeserräich virugoe soll. D'Konferenz war am Liwadija-Palais.