Longvilly

Sektioun vun der belscher Gemeng Baaschtnech

Longvilly ((de): Lingsweiler, (wa): Lonvli, regional och Loosweiler) ass eng Sektioun vun der belscher Stad Baaschtnech an der Provënz Lëtzebuerg, am Dall vun der Lingserbaach.

Longvilly
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Baaschtnech
Koordinaten 50° 01’ 30’’ N
      05° 50’ 09’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6600

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Longvilly eng eegestänneg Gemeng. Um Territoire vun der Uertschaft goufe verschidde Minerale fonnt wéi z. B. Cerusit, Sphalerit, Pyromorphit a Bläiglanz.

Am Norde vun der Uertschaft war den Agank vun der Allerbuerer Bläiminn

Uertschaften, déi zu der fréierer Gemeng gehéiert hunn, sinn: Al-Hez, Arloncourt, Bourcy, Horritine, Michamps, Moinet an Oubourcy. Um Lieu-dit Chifontaine stoungen, an der Zäit wéi d'Grouf funktionéiert huet, Wunnenge vun de Biergaarbechter.

Geschicht änneren

Een Dokument vun ëm 1222 nennt d'Uertschaft Longunuiler.

Zu Longvilly goufen d'Reschter vun enger réimescher Villa fonnt an de Kiem vu Reims op Köln huet do laanscht gefouert. D'Uertschaft ass am 9. Joerhonnert entstanen, wéi d'Patere vun de Abtei Prüm do ugefaangen hunn d'Bëscher ëmzehae fir Akerland unzeleeën. Si huet eng Zäit zur Meierei vu Bourcy gehéiert, an duerno zur Vogtei Baaschtnech.

Ënner dem franséische Regime hat Longvilly mat Moinet fusionéiert an 1823 mat Arloncourt, Bourcy, Michamps an Oubourcy. Oubourcy koum aus der Gemeng Noville-lez-Bastogne dobäi.


Um Spaweck änneren

Commons: Longvilly – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Longvilly vu Süde gesinn