D'Lingserbaach.[1] ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg wou se Ruisseau de Longvilly.[2] heescht, an am lëtzebuergesche Kanton Klierf.

Den Dall vun der Lingserbaach bei Longvilly
Den Dall vun der Lingsebaach bei Uewerwampech

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Baachen eng ronn 500 Mater ëstlech vun Al Hé a fléisstt vun do aus a südlecher Richtung laanscht La Savagière an Arloncourt, wou se duerch e Suppegebitt leeft, an deem e puer kleng Baachen derbäikommen. Op der Héicht vum Calvaire vu Longvilly stéisst se op Nationale 874, a leeft da ronn 500 laanscht déi weider no Osten, fir dann d'Direktioun no Südosten ze wiesselen, an ëener der Strooss erduerch ze lafen. Et geet da weider laanscht Longvilly a Richtung belsch-lëtzebuergesch Grenz. Nodeem se déi bei der Gossemaark LB240 passéiert huet, leeft se 700 Meter méi déif tëscht Uewerwampech an Nidderwampech op enger Héicht vu 402 Meter an d'Wemperbaach.

Referenzen änneren

  1. Topograpesch Kaart vum Kadaster
  2. Topograpesch Kaart vum belschen ING