Kierch Uewerwampech
D'Kierch vu Uewerwampech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Uewerwampech (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Uewerwampech | |||
Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Remakel | |||
Koordinaten | 50° 01’ 02.9’’ N 05° 51’ 28.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remakel, deem säi Fest den 3. September gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am nërdlechen Deel vun der Uertschaft. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Den 20. November 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
ännerenBis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Uewerwampech, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Uewerwampech huet ausser der Parkierch vun Uewerwampech och nach d'Filialkierch vun Allerbuer gehéiert.
Klacken
ännerenAm Kierchtuerm vun Uewerwampech hänken 3 Klacken déi am Schlagtoun Do#3, Si3, Lab2, och cis‘‘, h‘, gis‘ genannt, lauden.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Uewerwampech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Kierch vun Uewerwampech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vun Nordoste gesinn
-
Agank vun der Kierch
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).