Tschechesch Kroun
Wärung vun Tschechien
D'Tschechesch Kroun (koruna česká; CZK) ass zanter dem 8. Februar 1993 déi offiziell Wärung vun Tschechien.
1 Kroun ass an 100 Haléř ënnerdeelt.
Geschicht
ännerenD'Tschechesch Kroun gouf kuerz no der Deelung vun der Tschechoslowakei den 8. Februar 1993 offiziell als Wärung agefouert, nodeems Tschechien den 1. Januar 1993 en offizielle Staat gouf.
Och de Virgängerstaat Tschechoslowakei hat zanter senger Grënnung 1919 d'Kroun als Wärung. De Wäert vun der tschechescher Kroun ass 1:1 vun där tschechoslowakescher iwwerholl ginn.
Mënzen am Ëmlaf
ännerenNennwäert | Viischt Säit | Hënnescht Säit | Motiv Avers | Motiv Revers | Gewicht | Duerch- miesser |
Déckt | Material | Bord | Éischt Zirkulatioun |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 Kroun | Béimesche Léiw | Wenzelskroun | 3,6 g | 20 mm | 1,85 mm | Stol, mat Néckel iwwerzunn | geriffelt | 1993 | ||
2 Krounen | Béimesche Léiw | Groussmäresch Knapp-Dekoratioun | 3,7 g | 21,5 mm, Eelefeck |
1,85 mm | Stol, mat Néckel iwwerzunn | gerënnt, glat | 1993 | ||
5 Krounen | Béimesche Léiw | Karelsbréck zu Prag | 4,8 g | 23 mm | 1,85 mm | Stol, mat Néckel iwwerzunn | glat | 1993 | ||
10 Krounen | Béimesche Léiw | Petrov-Hiwwel zu Brno mat der St.-Péiter-a-Paul-Kathedral | 7,62 g | 24,5 mm | 2,55 mm | Stol, mat Koffer iwwerzunn | geriffelt | 1993 | ||
20 Krounen | Béimesche Léiw | Wenzelsstatu zu Prag mam Text: „SVATÝ VÁCLAVE NEDEJ ZAHYNOUT NÁM I BUDOUCÍM“ (Hl. Wenzel, looss eis an déi no eis net ënnergoen) | 8,43 g | 26 mm, Dräizeng- eck |
2,55 mm | Stol, mat Messeng iwwerzunn | gerënnt, glat | 1993 | ||
50 Krounen | Béimesche Léiw | Prager Alstad, „PRAGA MATER URBIUM“ (Prag, Mamm vun de Stied) | 9,7 g | 27,5 mm | 2,55 mm | Rank:Stol, mat Koffer iwwezunn Kern: bannen: Stol, mat Messeng iwwerzunn |
glat | 1993 |
Billjeeën am Ëmlaf
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Tschechesch Kroun – Biller, Videoen oder Audiodateien |