Regiounen an Tschechien

Tschechien ass an 13 admninistrativ Regiounen agedeelt, déi op tschechesch kraj (pl. kraje) heeschen. Zanter dem 12. November 2000 si s'eng eege Kierperschaft, mat engem gewielte Parlament an enger Exekutiv. D'Haaptstad Prag huet en eegene Statut, ma gëtt dacks als 14. Regioun matgezielt.

Lokalisatioun vun den tschechesche Regiounen.

Geschicht änneren

Tschechien ass als Land aus der Deelung vun der Tschechoslowakei ervirgaangen. Déi hat 10 Regiounen: 7 am haitegen Tschechien (dovu 5 a Béimen an 2 a Mieren) an 3 an der haiteger Slowakei.

Déi 5 fréier béimesch Regioune waren Nordbéimen, Westbéimen, Zentralbéimen, Ostbéimen a Südbéimen, Miere war an Nord- a Südmieren agedeelt.

Déi 13 Regiounen änneren

Wopen Regioun (kraj) Chef-lieu Populatioun Fläch (km2)
  Hlavní město Praha*
(Haaptstad Prag)
Prag 1.176.592 496
  Jihočeský kraj
(Regioun Südbéimen)
České Budějovice 626.870 10.057
  Jihomoravský kraj
(Regioun Südmieren)
Brno 1.130.620 7.067
  Karlovarský kraj
(Regioun Karlovy Vary)
Karlovy Vary 304.644 3.315
  Královéhradecký kraj
(Regioun Hradec Králové)
Hradec Králové 547.903 4.758
  Liberecký kraj
(Regioun Liberec)
Liberec 428.291 3.163
  Moravskoslezský kraj
(Regioun Mieresch-Schlesien)
Ostrava 1.251.883 5.535
  Olomoucký kraj
(Regioun Olomouc)
Olomouc 639.033 5.159
  Pardubický kraj
(Regioun Pardubice)
Pardubice 505.584 4.519
  Plzeňský kraj
(Regioun Plzeň)
Plzeň 550.369 7.561
  Středočeský kraj
(Regioun Zentralbéimen)
Prag 1.150.040 11.014
  Ústecký kraj
(Regioun Ústí nad Labem)
Ústí nad Labem 823.020 5.335
  Kraj Vysočina
(Regioun Vysočina]]
Jihlava 510.032 6.926
  Zlínský kraj
(Regioun Zlín)
Zlín 590.484 3.964