De Petr Fiala, gebuer den 1. September 1964 zu Brno, ass en tschechesche Politikwëssenschaftler, Historiker a Politiker, an zanter dem 28. November 2021 Ministerpresident vun der Tschechescher Republik.

Petr Fiala
Gebuer 1. September 1964
Brno
Nationalitéit Tschechesch Republik
Educatioun Karls-Universitéit
Aktivitéit Politolog, Politiker, Pedagog
Partei ODS

Hie war Professer fir Politikwëssenschaft op, a vun 2004 bis 2011 Rekter vun der Masaryk-Universitéit zu Brno. Vun 2012 bis 2013 war hien tschecheschen Edukatiounsminister. Hien ass zanter Januar 2014 Parteipresident vun der liberal-konservativer Občanská demokratická strana (ODS).

Bei de Parlamentswalen 2021 war hie Spëtzekandidat vun der oppositioneller Walkoalitioun SPOLU, déi sech aus de Parteien ODS, KDU–ČSL an TOP 09 zesummegesat huet, an déi der Regierung vum Premier Andrej Babiš en Enn maache wollten, deem seng Vermëschung vu privaten an ëffentlechen Intressen a säi Management vun der COVID-19-Pandemie se kritiséiert hunn.

D'SPOLU huet knapps virum Babis senger ANO gewonnen, a mat der Tschechescher Piratepartei a STAN den 11. November e Koalitousvertrag ënnerschriwwen. Den 28. November 2021 gouf de Petr Fiala vum Staatspresident Miloš Zeman zum Ministerpresident ernannt. De 17. Dezember 2021 gouf seng Regierung vereedegt.

Um Spaweck änneren

Commons: Petr Fiala – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren