Trounfolleg zu Lëtzebuerg

Wikimedia-Lëschtenartikel

D'Trounfolleg zu Lëtzebuerg ass duerch den Artikel 56 vun der Lëtzebuerger Verfassung gereegelt, dee festleet, datt d'Funktioun vum Staatschef an direkter Linn vum Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau an der Reiefolleg vum éischtgebuerene leifleche Kand verierft gëtt[1].

De Wope vum Groussherzog Henri
Den Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg.

Ursprénglech gouf d'Trounfolleg haaptsächlech op der Basis vum Nassauer Familljepakt vu 1783 gereegelt, souwéi och duerch den Art. 71 vum Traité vu Wien (1815) an den Art. 1 vum Traité vu London (1867) a war esou an der Constitutioun ageschriwwen[2].

Geschicht

änneren

Mam Wiener Kongress vun 1815 gouf dat fréiert Herzogtum Lëtzebuerg formell als Staat geschaf, an zum Groussherzogtum ernannt. Den hollännesche Kinnek Wëllem I. gouf éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg. De Schlussakt vum Kongress huet d'Reegele vun der Trounfolleg, sou wéi se am Pakt vu 1783 tëscht den zwou Branchë vum Haus Nassau festgeluecht waren, op de Grand-Duché vu Lëtzebuerg iwwerdroen[3].

Dat zweet Kapitel vum Nassauer Familljepakt beschreift d'Ierffolleg, déi ursprénglech nom salesche Recht an der direkter Linn un den éischtgebuerene Bouf virugaangen ass. Wann et kee männlechen Nokommen an direkter an a kollateraler Linn bei enger Branche vum Haus Nassau gouf, dann ass d'Kroun op déi männlech Nokomme vun der anerer Branche iwwergaangen. Wann et a béide Branchë keng männlech Nokomme gouf, ass d'Kroun un dat éischtgebuere Meedche vun där Dynastie iwwergaangen, déi un der Muecht war.

Mam Traité vu London vun 1867 krut Lëtzebuerg seng Onofhängegkeet a gouf als neutral erkläert. Den Artikel 1 vum Ofkommes huet d'Verbindung tëscht dem Grand-Duché an dem Haus Oranien-Nassau confirméiert, grad wéi d'Rechter vun den Agnaten ((de) Blutsverwandschaft) vum Haus Nassau iwwer de Grand-Duché.

Am Laf vun der Zäit ass d'Reiefolleg vun der Ierffolleg am Familljepakt zweemol geännert ginn:

  • Wéi dem Groussherzog Wëllem IV. säi Gesondheetszoustand sech 1906 verschlechtert huet, huet hie sech mat der Fro vun der Nofolleg misse beschäftegen. Mat senger Fra, der Maria Ana vu Bragança hat hie 6 Duechteren, awer kee Bouf. Hien huet dofir de Familljepakt iwwerschafft, fir senge Meedercher d'Trounfolleg ze garantéieren. Mam Gesetz vum 10. Juli 1907 huet d'Chamber dunn de geännerten Ierfpakt, deen de 16. Abrëll 1907 opgestallt gi war, approuvéiert[4]. Mam Akraafttriede vun där Dispositioun gouf dem Wëllem IV. seng eelst Duechter, d'Marie-Adélaïde (1894-1924), den 10. Juli 1907 zur Trounfollgerin erkläert. Si ass dunn och 1913, wéi se groussjäreg gouf, déi éischt Lëtzebuerger Groussherzogin ginn.
  • Am September 2010 huet de Groussherzog Henri d'Ierfrecht vum Haus Lëtzebuerg-Nassau am Familljepakt ännere gelooss; zanterhier ierft ëmmer dat éischtgebuerent Kand, egal op Jong oder Meedchen, den Troun (Prinzip vun der absolutter Primogenitur)[5]. Den 20. Juni 2011 huet den Haffmarschall dunn déi nei intern Reegelung vum Haus Lëtzebuerg-Nassau verkënnegt, déi dat absolut Recht vum Éischtgebuerenen agefouert huet an déi domat d'Gläichstellung vu Männer a Frae bei der Trounfolleg garantéiert. Dës nei Reiefolleg trëtt déi éischt Kéier fir d'Nokomme vum Grand-Duc Henri a Kraaft[3]. D'Trounpretendante vun der Linn vu sengem Papp Jean oder senger Groussmamm Charlotte do dergéint, ënnerleie weiderhin dem Prinzip vun der reng männlecher Trounfolleg.
Déi nei Reegelung vum Familljepakt gouf deemno agefouert, nach ier déi nei Verfassung am Juli 2023 a Kraaft getrueden ass a fir déi am Projet de loi scho virgesi war, fir d'Ongerechtegkeet tëscht Meedercher a Jongen an der Ierffolleg fir zerguttst ofzeschafen[6].

Aktuell Reegelung

änneren

An der Lëtzebuerger Verfassung sinn den Ierfschaftsprinzip vun der Funktioun vum Groussherzog bannent der Famill Nassau grad ewéi d'Konditioune vun der Trounfolleg festgehalen. Se bezéie sech net op de Grand-Duc dee grad am Amt ass, mä ginn zeréck op den éischten Herrscher vun der Branche déi regéiert, deemno op den Adolphe, den éischte Groussherzog vu Lëtzebuerg, vum 23. November 1890 bis de 17. November 1905.

De Lëtzebuerger Verfassungstext gläicht deem vun der belscher Verfassung a gesäit vir, datt d'Funktioun vum Staatschef an direkter Linn verierft gëtt a schléisst deemno eng Trounfolleg an enger Säitelinn oder par alliance aus. Mat der Bestëmmung, datt d'Ierffolleg an der Reiefolleg vum Éischtgebuerene besteet, ass och ee fir allemol d'Gläichheet vun de Geschlechter confirméiert: dat eelst Kand huet Virrecht op den Troun, egal ob et e Meedchen oder e Jong ass. Mat de Wierder „duerch Vertriedung“ gëtt festgehalen, datt Pretendanten déi verstuerwe sinn, an eng gewësse Plaz an der Ranglëscht vun de Pretendanten haten, déi Plaz un hir eegenen Ierwen iwwerloossen. Datt den Ierffollger aus dem Bestietnes gebuer muss sinn, schléisst deemno net-leiflech an adoptéiert Kanner vun der Trounfolleg aus.

Den Ierwen op den Troun huet d'Recht dorop ze verzichten. An deem Fall muss hien eng schrëftlech Verzichtserklärung ofginn, déi net ka réckgängeg gemaach ginn. Wann aussergewéinlech Ëmstänn et néideg maachen, kann d'Chamber eng oder méi Persoune vun der Trounfolleg ausschléissen. Déi Decisioun muss mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit ugeholl ginn.

Wa keen Trounfollger do ass, kënnt d'Chamber bannent 30 Deeg nom Doud vum Groussherzog oder nodeem deen ofgedankt huet beieneen, fir – mat engem Vott mat Zwee-Drëttel-Majoritéit – en neie Staatschef z'ernennen.

Wann de Groussherzog ofdankt, muss hien dat mat engem schrëftlechen Akt maachen, deen net ka réckgängeg gemaach ginn.

Originaltext aus der Lëtzebuerger Constitutioun

änneren

Artikel 56 – « (1) La fonction de Chef de l’État est héréditaire dans la descendance directe de Son Altesse Royale Adolphe, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, par ordre de primogéniture et par représentation. Seuls les enfants nés d’un mariage ont le droit de succéder.

(2) La personne en droit de succéder peut y renoncer. Cette renonciation intervient sous forme d’un acte écrit qui est irrévocable et dont les effets ne s’appliquent qu’à l’auteur. Lorsque des circonstances exceptionnelles le commandent, la Chambre des Députés peut exclure une ou plusieurs personnes de l’ordre de succession par une loi adoptée à la majorité qualifiée.

(3) À défaut de successeur, la Chambre des Députés se réunit au plus tard dans les trente jours du décès ou de l’abdication du Grand-Duc en vue de désigner un nouveau Chef de l’État. La décision est adoptée à la majorité qualifiée.

(4) L’abdication du Grand-Duc requiert la forme d’un acte écrit qui est irrévocable. »

Ranglëscht an der Trounfolleg

änneren

D'aktuell Lëscht vun der Trounfolleg fir de Lëtzebuerger Troun (Stand: Mäerz 2023):

    • Zanter dem 26. September 1986, hunn de Prënz Jean vu Lëtzebuerg, de jéngste Brudder vum Groussherzog Henri, a säin Nowuess kee Recht op d'Trounfolleg.
    • No sengem morganatesche Bestietnes am Joer 2006, hunn de Prënz Louis vu Lëtzebuerg, den drëtte Fils vum aktuelle Groussherzog Henri, a säin Nowuess kee Recht op d'Trounfolleg.

    Kuckt och

    änneren

    Referenzen

    änneren
    1. (fr)Constitution du Grand-Duché de Luxembourg – Artikel 56. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 25.06.2024.. "La fonction de Chef de l’État est héréditaire dans la descendance directe de Son Altesse Royale Adolphe, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, par ordre de primogéniture et par représentation. Seuls les enfants nés d’un mariage ont le droit de succéder."
    2. (fr)Constitution du Grand-Duché de Luxembourg (version consolidée applicable au 19/05/2020) – Artikel 3. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 25.06.2024.. "La Couronne du Grand-Duché est héréditaire dans la famille de Nassau, conformément au pacte du 30 juin 1783, à l’art. 71 du traité de Vienne du 9 juin 1815 et à l’art. 1er du traité de Londres du 11 mai 1867."
    3. 3,0 3,1 (lb)De Staatschef – Déi konstitutionell Monarchie. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 25.06.2024.
    4. (fr)Loi du 10 juillet 1907, ayant pour objet de conférer force de loi au Statut de famille de la Maison de Nassau du 16 avril 1907. data.legilux.public.lu (10.07.1907). Gekuckt de(n) 25.06.2024.
    5. (de)Thronfolge neu geregelt. www.wort.lu (15.03.2012). Gekuckt de(n) 25.06.2024.
    6. (fr)7700/14 Rapport de la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle. wdocs-pub.chd.lu (02.12.2021). Gekuckt de(n) 25.06.2024.. "L’utilisation des mots « descendance directe » garantira la suite des générations, celle des mots « par ordre de primogéniture » résoudra une fois pour toutes la question de l’égalité des sexes tout en confirmant le principe que les aînés priment les cadets (…)"