Regence

Herrschaft an enger Monarchie vun engem net gekréinte Staatschef amplaz vum Herrscher

Eng Regence oder Regentschaft (vum laténgesche regere - regéieren, leeden) ass an enger Monarchie d'Herrschaft vun engem net gekréinte Staatschef amplaz vum Herrscher.

D'Grënn fir eng Regence sinn, well de legitimme Monarch nach net groussjäreg ass oder well e wéinst (mentaler) Krankheet oder wéinst Gefaangeschaft seng Funktiounen net ausübe kann.

Regence zu Lëtzebuerg

änneren

Wann de Groussherzog net fäeg ass, seng Aufgaben auszeféieren, iwwerhëlt de Regent seng Roll als Stellvertrieder. D'Konditiounen an d'Reegele fir eng Regence sinn am Kapitel III, Abschnitt 2 vun der Lëtzebuerger Constitutioun festgehalen[1]:

  • Wann de Grand-Duc temporär net fäeg ass seng konstitutionell Aufgaben z'erfëllen oder den Eed, deen am Artikel 57 virgesinn ass, ofzeleeën, dann informéiert d'Regierung d'Chamber doriwwer, déi da bannent 10 Deeg zesummekomme muss fir d'Onfäegkeet festzestellen a sech ëm d'Regence ze këmmeren.
  • D'Regence kann nëmmen enger Persoun uvertraut ginn, déi groussjäreg ass an déi d'Konditioune vum Artikel 56, Abschnitt 1 vun der Verfassung erfëllt. De Regent muss deemno e leiflecht Kand an der Reiefolleg vum Éischtgebuerene Kand (deemno den Ierfgroussherzog oder d'Ierfgroussherzogin) sinn.
  • De Regent iwwerhëlt seng Funktiounen eréischt, nodeem en an der Chamber den Eed op Verfassung an d'Gesetzer geschwuer huet.
  • D'Regentschaft geet op en Enn, wann den Nofollger groussjäreg ass oder wann de Grand-Duc nees fäeg ass seng konstitutionell Verantwortung z'iwwerhuelen.
  • D'Regierung informéiert d'Chamber iwwer d'Enn vun der Regence an d'Chamber muss da bannent 10 Deeg zesummekommen.

Originaltext aus der Lëtzebuerger Constitutioun

änneren

Artikel 59 «  Si le Grand-Duc se trouve dans l’impossibilité temporaire de remplir ses attributions constitutionnelles ou de prêter le serment prévu à l’article 57, le Gouvernement en informe la Chambre des Députés, qui se réunit dans les dix jours à l’effet de constater cette impossibilité et de pourvoir à la régence.

La régence ne peut être confiée qu’à une seule personne, qui doit être majeure et faire partie des personnes visées à l’article 56, paragraphe 1er.

Le Régent n’entre en fonction qu’après avoir prêté devant la Chambre des Députés le serment suivant : Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles.

La régence prend fin à la majorité du successeur ou à la cessation de l’impossibilité temporaire du Grand-Duc de remplir ses attributions constitutionnelles.

Le Gouvernement en informe la Chambre des Députés, qui se réunit dans les dix jours à l’effet de mettre fin à la régence. »

Artikel 56 « (1) La fonction de Chef de l’État est héréditaire dans la descendance directe de Son Altesse Royale Adolphe, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, par ordre de primogéniture et par représentation. Seuls les enfants nés d’un mariage ont le droit de succéder. »

Regencen an der Geschicht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg[2]

änneren
Ernennung de(n) Vereedegung de(n) bis Regent fir Grond
8. Abrëll 1889 11. Abrëll 1889 3. Mee 1889 Herzog Adolphe vun Nassau Kinnek Groussherzog Wëllem III. Krankheet vum Wëllem III.
4. November 1890 6. November 1890 23. November 1890 Herzog Adolphe vun Nassau Kinnek Groussherzog Wëllem III. Krankheet vum Wëllem III. († 23. November 1890)
13. November 1908 19. November 1908 25. Februar 1912 Grande-duchesse consort Maria Anna Groussherzog Wëllem IV. Krankheet vum Wëllem IV. († 25. Februar 1912)
25. Februar 1912 14. Juni 1912 Grande-duchesse consort Maria Anna Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg virum 14. Juni 1912 war d'Marie-Adelheid nach mannerjäreg

Kuckt och

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)Constitution du Grand-Duché de Luxembourg – Chapitre III. - Du Grand-Duc – Section 2. - De la monarchie constitutionnelle. legilux.public.lu (01.07.2023). Gekuckt de(n) 25.06.2024.
  2. (fr)La Monarchie constitutionnelle | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 24.06.2024.