De Prënz Robert Louis François Marie vu Lëtzebuerg gebuer de 14. August 1968 zu Fëschbech, ass de Fils vum Prënz Charel, an der Joan Douglas-Dillon, haut: Duchesse Joan de Mouchy, Duechter vum Douglas Dillon, fréieren USA-Staatssekretär vum Tresor.

Robert vu Lëtzebuerg
Titelen
Biographie
Gebuer 14. August 1968
Schlass Fëschbech
Papp Charles vu Lëtzebuerg
Mamm Joan Douglas-Dillon
Geschwëster Prinzessin Charlotte vu Lëtzebuerg

De Robert vu Lëtzebuerg ass mat der Amerikanerin Julie Ongaro bestuet.

De Prënz Robert als Oenolog änneren

1934-1935, duerch en Zoufall, war de Clarence Douglas Dillon, Urgrousspapp vum Prënz Robert a Papp vum Staatssekretär fir Finanzen, op d'Wäigutt Haut-Brion gestouss, dat ze verkafe war. Hien huet zougegraff an de Château kaaft. De Prënz Robert hat sech 1994 mat der Amerikanerin Julie Ongaro bestuet, enger begeeschterter Filmunhängerin, mat där hien zu London gewunnt huet, an zesumme mat hir och e puer Dréibicher fir Filmer geschriwwen huet. Well seng Mamm Joan matbedeelegt war, ass hien dunn tëscht London an der Gironde gependelt.

1997 gouf hie Generaldirekter vum Domaine: Clarence Douglas Dillon, zu deem och de Château Haut-Brion gehéiert. Hien huet et fäerdeg bruecht, déi aussergewéinlech Qualitéit vum Wäi vun do nach ze verbesseren. De Prënz Robert, haut Vizepresident vum Domaine Clarence Douglas Dillon, ass och als Frënd vum Naturschutz bekannt. Hien trëtt a fir eng Limitatioun vun der Produktioun, fir sou d'Qualitéit vum Buedem net a Fro ze stellen.

Literatur änneren

  • Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 162: Prënz Robert vu Lëtzebuerg, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5

Um Spaweck änneren