Tony Judt

britteschen Historiker

Den Tony Robert Judt, gebuer den 2. Januar 1948 zu London, a gestuerwen de 6. August 2010 zu New York, war e britteschen Historiker, dee sech haaptsächlech mat der europäescher Geschicht vum 20. Joerhonnert beschäftegt hat.

Tony Judt
Gebuer 2. Januar 1948
London
Gestuerwen 6. August 2010
New York
Doudesursaach Amyotroph Lateral Skleros
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Historiker, Professer, Saachbuchauteur, Enseignant, Essayist, Fuerscher
Member vun American Academy of Arts and Sciences, British Academy

Kandheet änneren

Dem Tony Judt seng Famill staamt aus Osteuropa, vu wou senger Mamm, der Stella Sophie Dudakoff hir Elteren, hie war Russ, si rumänesch-moldawesch, wéinst de Juddeverfollgunge geflücht waren[1]. Och d'Famill vu sengem Papp, dem Joseph Isaac Judt, koum iwwer d'Belsch an Irland vun do op London[2].

Deemno ware fir dem Tony Judt seng Kandheet 2 Aspekter prägend: de jiddeschen Afloss a seng multikulturell Wuerzelen. Am Ufank huet d'Famill an engem jiddesche Quartier zu Tottenham gewunnt, spéiderhin ass se op Putney am Süde vu London geplënnert. No der Gebuert vu senger Schwëster Deborah am Joer 1956 haten dem Tony Judt seng Eltere genuch Sue gespuert, fir sech en Haus am Surrey ze kafen. Am Laf vun de Joren huet d'Famill och vill Reese gemaach, sou hu si ënner anerem Holland, d'Belsch, Dänemark an Däitschland besicht. Virun allem säi Papp hat vill Bekanntschaften a Famill um europäesche Kontinent.[3]

Obwuel seng Eltere sech kaum fir eng jiddesch Erzéiung agesat hunn an hie sech net onbedéngt als Judd gesinn huet, krut den Tony Judt den Antisemitismus an d'Ofgrenzung vun de Judden an England ze spieren. Sou schreift hien iwwer seng Zäit an der Primärschoul:

"[...] the head teacher [...] once used me as an example of how clever Jews are, permanently assuring the envious dislike of half my classmates. This followed me for the rest of my schooldays."[4]

Studium a Karriär änneren

Den Tony Judt huet et als ee vu wéinege Judde fäerdegbruecht, als Student an der Emanuel School zu Wandsworth ugeholl ze ginn. Nom Ofschloss vun der Emanuel School ass en op de King's College vu Cambridge gaangen, wou en 1969 e Bachelor of Arts an der Geschicht gemaach huet. Zu Paräis, op der École Normale Supérieure, huet en 3 Joer drop säi PhD ofgeschloss.

Nach am selwechte Joer huet en ugefaangen, zu Cambridge um King's College Coursen iwwer d'franséisch Geschicht ze ginn. 1978 huet e kuerz fir d'University of California zu Berkeley geschafft, duerno huet en nees an England gelieft, wou e vun 1980 un zu Oxford am St. Ann's College Politik ënnerriicht huet. 1987 ass en dunn op New York geplënnert, wou en eng Léierplaz op der Universitéit ugeholl hat.

Am Joer 1995 huet hien op der Universitéit vun New York den Erich Maria Remarque Institute gegrënnt, dee sech mat de Bezéiungen tëscht Europa an Amerika beschäftegt. Den Tony Judt war vun der Grënnung un Direkter vun dësem Institut. Déi néideg Sue krut hie vun der Wittfra vum Erich Maria Remarque.

1996 ass hien zum Fellow vun der American Academy of Arts and Sciences gewielt ginn, 2007 dunn zum Fellow vun der British Academy. Am Joer 2006 krut hien de Bruno-Kreisky-Preis für das politische Buch fir säi Buch Postwar: A History of Europe since 1945.[5]. 2007 krut hien den Erich-Maria-Remarque-Friidenspreis an den Hannah-Arendt-Preis.

Privatliewen a Krankheet änneren

Den Tony Judt war dräimol bestuet, mat senger drëtter a leschter Fra, dem Jennifer Homans, hat hien 2 Kanner, den Daniel an den Nick Judt.

2008 gouf beim Tony Judt Amyotroph Lateralskleros (ALS) diagnostizéiert, eng Krankheet duerch déi no an no d'Nervenzellen am Kierper geschiedegt ginn. Doduerch war e schonn am Oktober 2009 vum Hals un ofwäerts geläämt. Trotz sengem Zoustand, dee sech ëmmer méi verschlechtert huet, huet e weidergeschafft. D'Bicher Thinking the Twentieth Century a The Memory Chalet, – dat no sengem Doud verëffentlecht ginn ass, sinn entstanen andeems hien den Text diktéiert huet, deen duerno transkribéiert ginn ass.

De 6. August 2010 ass hien a senger Wunneng zu New York am Alter vun 62 Joer un ALS gestuerwen.[6]

Politesch Astellung änneren

Grad a senger Jugend huet den Tony Judt vill Reesen ënnerholl. Sou huet en och eng Zäit laang an engem Kibbuz an Israel gelieft. Hien huet duerch verschidden Aflëss seng politesch Iwwerzeegung ëmmer erëm verännert. Sou stoung hien a jonke Joren dem Marxismus no , ass duerno awer ëmmer weider an eng änlech politesch Richtung gaange wéi seng Elteren, déi vun der Sozialdemokratie iwwerzeegt waren.

Trotz, oder grad wéinst senge jiddesche Wuerzele war hien e vehemente Kritiker un der Politik vum Staat Israel. Vu jiddeschen Organisatiounen ass hien als naiv oder souguer als antisemittesch (sic) duergestallt ginn, verschidden ëffentlech Virträg si wéinst orchestréierte Protester ofgesot ginn. Den Tony Judt huet sech no eegener Ausso ëmmer beméit, d'Geschicht méiglechst objektiv a sou no un der Wourecht wéi méiglech erëmzeginn, wouduerch him virgeworf gouf pro-palestinensesch Propaganda ze maachen.

De Staat Israel war fir hien en Anachronismus, e Staat, deen an enger multikultureller Welt seng Bierger nach ëmmer no Hierkonft a Relioun bewäert.[7]

Och d'USA sinn deelweis staark vum Tony Judt kritiséiert ginn, well si senger Meenung no ze aggressiv an der Duerchsetzung vun hiren Zieler virginn.

Schwéierpunkten änneren

Dem Judt säi Wierk léisst sech an 2 grouss Beräicher andeelen.

Europäesch Geschicht vum 20. Joerhonnert änneren

An den 1970er an 1980er Jore war den Tony Judt staark u moderner franséischer Geschicht intresséiert. A Bicher wéi Marxism and the French Left: Studies in Labour and Politics in France 1830-1981 oder Past Imperfect: French Intellectuals, 1944-1956 geet hie kritesch mam Marxismus ëm a betruecht d'Geschicht éischter vun enger philosophescher Säit. Säi Buch Past Imperfect kritiséiert ënner anerem, datt d'Fransousen net kritesch mat hirer eegener Vergaangenheet ëmgoe kéinten a sech léiwer mat Saache beschäftegen, déi méi wäit ewech geschéien.[8]

Dem Tony Judt säi Buch A Grand Illusion? behandelt d'Europäesch Unioun, déi a sengen Aen net kéint funktionéieren. Sou kann hie sech net virstellen, datt tëscht Europäer aus verschiddene Länner jeemools e Gefill vu Gemeinschaft kéint entstoen, well d'Staaten ze laang nëmmen no hirem eegenen Intressi gekuckt hätten. Ausserdeem wier et op engem Kontinent, dee kulturell a wirtschaftlech därmoosse breet gefächert ass, onméiglech, all Regioun gläichberechtegt ze behandelen. Och d'Schengener Ofkommes war dem Judt senger Meenung no éischter eng Method, fir ongewënschte Migranten erauszehalen. An Osteuropa huet hien och d'Gefor vun engem opkommenden Nationalismus gesinn.

Déi Problemer kéinten nëmmen aus der Welt geschaaft ginn, wann d'eenzel Länner méi staark géifen an déi eenzel Prozesser agräifen, amplaz alles enger europäescher Zentralverwaltung z'iwwerloossen. Dës Iddi huet hien a sengem Buch Postwar: A History of Europe since 1945 weidergefouert.

Am Buch Ill Fares the Land plädéiert den Tony Judt fir e Réckbesënnen op sozialdemokratesch Idealer. Senger Meenung no sinn d'Versprieche vun de Politiker an de leschte Joerzéngte vum 20. Joerhonnert net agehale ginn, an hien empfënnt se doduerch als verlueren Zäit. Hie kritiséiert den Neo-Liberalismus a mécht kloer, dat méi soziaalt Denke fir d'Weiderexistenz vun Europa néideg ass.[9]

Israel änneren

An engem Artikel aus dem Joer 2003 fir d'New York Review of Books erkläert den Tony Judt, datt Israel, dat e fréier bewonnert hat, um beschte Wee wier en intolerante Staat ze ginn. Senger Meenung no sollt Israel e Staat ginn, dee souwuel den Islam wéi och d'Juddentum akzeptéiert. Den Artikel huet hefteg Reaktioune provozéiert.

Och a weideren Texter huet den Tony Judt sech net dovun ofhale gelooss, Israel an och d'Bezéiungen tëscht Israel an den USA kritesch ze hannerfroen. Hie koum zum Schluss, datt d'amerikanesch Politik sech ze enk un Israel hält an datt Israel d'USA ze vill beaflosse géif.

Am Joer 2006 ass den Tony Judt vum Amerikanesch-Jiddesche Kommitee (American Jewish Committee, AJC) als ze kritesch fir amerikanesch an israeelesch Judden agestuuft ginn. Him gouf virgeworf d'Legitimitéit vum Staat Israel a Fro ze stellen. Doduerch huet hie sech a senger Meenung confirméiert gefillt, datt Israel net zu Diskussiounen iwwer dës Problematik bereet wier.[10]

Kritik a Luef änneren

D'New York Review of Books lueft den Tony Judt fir säi villfältegt Wëssen. Virun allem datt hie spontan an ouni laang Virbereedung zu alle méiglechen Theemen eppes ze soe wousst gëtt hervirgehuewen. Weider gëtt gesot, hien hätt sech net nëmme fir eng kritesch Ausenanersetzung mat der Geschicht agesat, mä och fir e respektvollen Ëmgang mateneen. Ausserdeem hätt hie sech fir Courage ausgeschwat. Hie wier also och um mënschlechen Niveau duerchaus virbildlech gewiescht.[11]

Seng Auszeechnungen, dorënner den Orwell-Prize vum Joer 2009 fir säi Bäitrag zu politeschen Iwwerleeungen, weisen doropshin, datt hien och an Europa éischter positiv opgefall ass.

Kritik koum virun allem vun der jiddescher Säit, déi him Antisemitismus virgeworf huet. Den Tony Judt huet zu deene Virwërf gesot, datt Israel d'Ae virun de Problemer géif verschléissen, hien huet déi Kritik also net ugeholl.

Wierker änneren

  • Judt, Tony, La reconstruction du Parti socialiste, 1921-1926. Paräis 1976. ISBN 2724603389.
  • Judt, Tony, Socialism in Provence 1871-1914: A Study in the Origins of the Modern French Left. Cambridge 1979. ISBN 9780814743546.
  • Judt, Tony, Marxism and the French Left: Studies on Labour and Politics in France 1830-1982. Oxford 1989. ISBN 0198215789.
  • Judt, Tony, Past Imperfect: French Intellectuals, 1944-1956. Berkeley 1992. ISBN 9780814743560.
  • Judt, Tony, A Grand Illusion? An Essay on Europe. New York 1996. ISBN 0809050935.
  • Judt, Tony, The Burden of Responsibility: Blum, Camus, Aron, and the French Twentieth Century. Chicago 1998. ISBN 0226414183.
  • Judt, Tony, Postwar: A History of Europe Since 1945. New York 2005. ISBN 1594200653.
  • Judt, Tony, Reappraisals: Reflections on the Forgotten Twentieth Century. New York 2008. ISBN 1594201366.
  • Judt, Tony, Ill Fares the Land. New York 2010. ISBN 1594202761.
  • Judt, Tony, The Memory Chalet. London 2010. ISBN 9780434020966.
  • Judt, Tony; Snyder, Timothy, Thinking the Twentieth Century. New York 2012. ISBN 9781594203237.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Judt, Tony; Snyder, Timothy; Thinking the Twentieth Century. New York, The Penguin Press 2012. S. 1f.
  2. Des. S. 2f.
  3. Des. S. 9f.
  4. Des. S. 48.
  5. Der Standard Artikel: Wo Israel zur Kernfrage wurde. http://derstandard.at/2912099
  6. Die Zeit Online Artikel: Nachruf Tony Judt: Die Erinnerung lehren.http://www.zeit.de/kultur/literatur/2010-08/tony-judt-gestorben
  7. The New York Review of Books Artikel: Israel: The Alternative. http://www.nybooks.com/articles/archives/2003/oct/23/israel-the-alternative/
  8. The New York Times Artikel: French War Stories. http://www.nytimes.com/1995/07/19/opinion/french-war-stories.html?src=pm
  9. Washington Times Artikel: Book Review: Ill Fares the Land. http://www.washingtontimes.com/news/2010/may/21/book-review-ill-fares-the-land/
  10. Die Zeit Online Artikel: "Amerika bietet der Welt keine Alternative mehr." http://www.zeit.de/2006/45/Interview-Judt
  11. The New York Review of Books Artikel: An Honor for Tony Judt. http://www.nybooks.com/articles/archives/2009/may/28/an-honor-for-tony-judt/