De Begrëff Antisemitismus gouf vum Wilhelm Marr an d'Welt gesat a beschreift zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert eng politesch Ideologie, eng Manéier ze Denken an e Behuelen, déi virun allem duerch eng Feindschaft vis-à-vis vum Juddentum an de Judden an der ganzer Welt charakteriséiert ass an déi eng Diskriminéierung aus politeschen, rassisteschen, reléisen a soziale Grënn mat sech bréngt.

Den Topos vun der "Hostieprofanatioun" gouf dacks gebraucht, fir antisemittesch Reaktiounen oder Ausfäll ze provozéieren (hei: Kierchefënster an der Kathedral Saints-Michel-et-Gudule zu Bréissel).

De Begrëff Antisemitismus, deen den alen, reliéis bedéngten Antijudaismus ersat huet, widdersprécht sech eigentlech selwer, well e sech net géint Membere vun der semitescher Sproochfamill riicht, mä nëmme géint Membere vun der jiddescher Communautéit. Allerdéngs muss een och wëssen, datt d'Judden déi eenzeg Semiten an Europa waren, wéi den Antisemitismus do opkoum...

Den Antisemitismus kann een als eng Form vu Rassismus betruechten, mä d'Judde si weeder eng Rass nach eng homogeen Ethnie.

Literatur

änneren
  • Sand, Shlomo: Une race imaginaire: Courte histoire de la judéophobie; Paräis (Seuil), 2020; 173 S.; ISBN 978-2-145336-2
  • Poliakov, Léon: Histoire de l'antisémitisme. Tome 1, L'Age de la foi, Calmann-Lévy, 1955.
  • Poliakov, Léon: Histoire de l'antisémitisme. Tome 2, L'Age de la science, Calmann-Lévy, 1955.
  • de Fontette, François: Histoire de l'antisémitisme, Presses Universitaires de France, Que sais-je?, 1982.
  • Katz, Jacob: Vom Vorurteil bis zur Vernichtung. Der Antisemitismus 1700-1933, C.H.Beck, 1989
  • Blume, Michael: Warum der Antisemitismus uns alle bedroht - Wie neue Medien alte Verschwöhrungsmythen befeuern; Patmos-Verlag, 2019; 208 S.

Um Spaweck

änneren
Commons: Antisemitismus – Biller, Videoen oder Audiodateien