Kibbuz
Dëse Geographiesartikel iwwer Israel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Kibbuz, (Hebräesch קִבּוּץ), gëtt an Israel eng Kollektivsiidlung bezeechent, déi duerch e gemeinsamen Eegentum an demokratesch Strukture gekennzeechent ass. An Israel gëtt et ongeféier 270 sou Produktiounsunitéite mat enger Gréisst vu bis zu 1.000 Memberen.
Meeschtens handelt et sech ëm landwirtschaftlech Betriber, mat Partner déi sech fräiwëlleg zesummegedoen hunn, fir e Betrib ze grënnen oder ze féieren.
An Israel spillen d'Kibuzzen eng wichteg Roll a gi politesch propagéiert.
Bekannt Kibuzzen
änneren- Kibbuz Sede Boker an der Negev-Wüst, wou den David Ben Gurion gelieft huet a gestuerwen ass.
- Kibbuz Merhavia, wou d'Golda Meir ongeféier 3 Joer laang gelieft huet ir se Premierminister ginn ass.
Entwécklung vun der Zuel vu Kibbuzen
ännerenJahr | Bevëlkerung | Zuel vun de Kibbuzen |
1910 | 10 | 1 |
1920 | 805 | 12 |
1940 | 26.554 | 82 |
1950* | 66.708 | 214 |
1970 | 85.110 | 229 |
1990 | 125.100 | 270 |
2001 | 115.500 | 267 |
*No dem Onofhängegkeetskrich sinn 1949 50 Kibbuzen nei gegrënnt ginn. |
Um Spaweck
ännerenCommons: Kibuzzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |