Den Tempel 1 (offiziell Bezeechnung 9P/Tempel) ass e kuerzperiodesche Koméit, deen am Summer 2005 duerch d'NASA-Raumsond Deep Impact ënnersicht gouf.

9P/Tempel 1
De Kär vum Koméit 9P/Tempel 1
Orbittyp kurzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,122
Perihel 1,506 AE
Aphel 4,738 AE
Exzentrizitéit 0.518
Perihelduerchgank 5. Juli 2005
Ëmlafdauer 5 a 189 d
Ëmlafvitess 29,90 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser 7,6 × 4,9 km
Dicht 0,62
Albedo 0,04
Entdecker Ernst Wilhelm Leberecht Tempel
Entdeckungsdatum 3. Abrëll 1867
Aner Bezeechnungen 1867 G1, 1867 II

Entdeckung änneren

De Koméit Tempel 1 gouf den 3. Abrëll 1867 am Observatoire vu Marseille vum sächseschen Astronom a Lithograph Ernst Wilhelm Leberecht Tempel entdeckt. Spéider Berechnungen hate gewisen, datt hien deemools 0,71 astronomesch Eenheete (AE) vun der Äerd an 1,64 AE vun der Sonn ewech war. Den Tempel hat deemools geschriwwen, datt de Koméit e visuellen Duerchmiesser vu 4 bis 5 Bouminutten hat.

Ëmlafbunn änneren

Zu der Zäit vu senger Entdeckung hat de Koméit eng Ëmlafszäit vu ronn 5,7 Joer. Am Joer 1881 koum de Koméit bis op 0,55 AE un de Planéit Jupiter erun, woubäi duerch d'Gravitatiounswierkung vum Planéit d'Koméitebunn sou verännert gouf, datt sech d'Ëmlafzäit op 6,5 Joer verlängert huet. Duerch dës Bunnännerung goung de Koméit verluer.

Wéi an den 1960er Jore seng Bunn ënner Beuechtung vun de Bunnstéierunge duerch d'Planéiten nei berechent konnt ginn, hat sech gewisen, datt de Koméit an der Tëschenzäit nach zweemol beim Jupiter laanscht koum (1941 op 0,41 AE an 1953 op 0,77 AE), soudatt sech seng Ëmlafszäit op den haitege Wäert vu 5,5 Joer verkierzt hat. No dësen neie Bunnbestëmmunge konnt de Koméit nodréiglech am Dezember 1968 op enger Fotoplack vum Juni 1967 fonnt ginn. Definitiv bestätegt gouf d'Neesopfanne beim Rendez-vous vum Koméit am Joer 1972. Aktuell ass en am Perihel 1,506 AE an am Aphel 4,738 AE vun der Sonn ewech a seng Bunnschréi ass 10,530°.

Raumsond Deep Impact änneren

Wärend sengem Opdauchen am Summer 2005 gouf de Koméit Tempel 1 net nëmme vun Teleskopen, mäoch vun der Raumsond Deep Impact ënnersicht. D'Raumsond vun der NASA hat en 372 kg schwéiert, killschafgrousst Projektil fräigesat, dat um Koméitekär opgeschloen hat. Den Aschlag gouf aus enger Distanz vu ronn 8600 km observéiert. Dobäi goufen 4500 Biller opgeholl. Uschléissend hat d'Raumsond de Koméit op enger Distanz vu 500 km passéiert, konnt dobäi awer keng Observatiounen duerchféieren, well hir Instrumenter wéinst der Sécherheet virun den ausgeworfene Koméitepartikelen ofgewent hat misse ginn. D'Evenement gouf och vun ettlechen Teleskopen am Weltraum an op der Äerd observéiert.

Resultater änneren

 
Den Aschlag vum Impakt um Koméit Tempel 1

D'Gréisst vum Koméit konnt duerch d'Fotoe vun der Raumsond op 7,6 × 4,9 km a seng Albedo mat 0,04 bestëmmt ginn.

Virum Opprall ware sech d'Wëssenschaftler am Onkloren driwwer, ob den ierdeschen Objet e klasseschen Aschlagkrater maache géif, oder an de Koméit spuerlos andrénge géif oder vläicht de Koméit zerstéiere géif.[1]

Den Ausgang vun der Missioun hat sech als konventionell erwisen. Kuerz nom Opprall vum Impaktor gouf als éischt en thermesche Blëtz observéiert, an deem d'Geschoss explosiounsaaarteg zerstéiert gouf. Als Folleg vun der Explosioun war eng Fontän mat 3.500 °C gliddegem, geschmoltem Kärmaterial an enger Mass vu ronn véier Tonnen an enger Vitess vu 5 bis 8 km/s opgestigen. Wärend sech um Koméitekär en Impaktkrater mat engem geschatenen Duerchmiesser vu ronn 100 (−50/+100) Meter an eng Déift vun zirka 30 Meter geformt hat, goufe weider 10.000 bis 20.000 Tonne Material ausgeworf, dovun 3.000 bis 6.000 Tonnen Stëbs. Deemno huet den Tempel 1 keng haart Kuuscht, mä ass vun enger mëller Stëbschicht ëmginn.

De fräigesate Gas hat sech mat 1 km/s a méi ausgebreet, wärend d'Stëbsdeelercher mat Vitessen tëscht 10 a 400 m/s däitlech méi lues waren. De gréissten Deel vum Stëbs (ongeféier 80 %) war nees op de Kär zeréck gefall, de Rescht vum Stëbs an d'Gas goufen an d'Koma vum Koméit, an an den interplanetare Raum, geschleidert. Onerwaart war dat villt polverähnlecht Material wat beim Opschlag ausgeworf gouf. D'Siicht op den neie Krater war dorophi komplett verdeckt. Dofir konnt d'Gréisst vum Krater nëmmen aus der Mass vum fräigesate Material ofgeschat ginn. Biller vun der Missioun Stardust-NExT weisen de Krater, deen ongeféier 150 m Duerchmiesser huet an en Zentralbierg opweist.[2]

Aus der Fluchbunn vun den ausgeworfene Stëbsdeelercher konnt d'Dichte vum Koméitekär op 0,62 (+0.47/-0.33) g/cm3  – ongeféier zwee Drëttel vun der Waasseräisdicht – bestëmmt ginn. De Koméitekär schéngt aus porösem an zerbriechlechem Material ze bestoen; ongeféier tëscht 50 % a 70 % vum Koméitekär ass eidele Raum. Op der Uewerfläch vum Kär, deem seng Uewerflächentemperatur tëscht +56 °C an −13 °C läit, konnten an ettlechen isoléierte Regioune Spuere vun Waasseräis nogewise ginn. Am Spektrum vum Ausworfmaterial konnt awer Waasser geneesou fonnt ginn, wéi Kuelendioxid, Karbonat, komplex organesch Verbindungen (wéi polyzyklesch aromatesch Kuelenwaasserstoffer), Silikat (wéi d'Mineral Olivin) an Tounmineral. Déi fest Bestanddeeler schénge géintiwwer de flüchtegen Elementer z'iwwerweien, soudatt Koméiten, déi bis dohin dacks als dirty snowballs (dreckeg Schnéibäll) bezeechent goufen, éischter als snowy dirtballs (äiseg Knaschtbäll) unzekucke sinn.

D'Zesummesetzung an d'Heefegkeet vum Ausworfmaterial erënnert un e puer schonn ënnersichte Koméiten aus der Oort Wollek. Méiglecherweis stamen dofir ettlech Koméiten aus der Kuiperceinture, dorënner den Tempel 1, no bei de Gasrise-Regioun vun der protoplanetarer Scheif. Dëst géif e kollektiven Urspronk fir Koméiten, déi wäit ewech vun der Sonn sech beweegen, noleeën.[3]

Eng Iwwerraschung war, datt d'Uewerfläch vum Koméitekär zanter senger Genesis net nëmme vun Aschlagkrater – déi hei fir d'éischt Kéier bei engem Koméit observéiert goufen – an d'Rauheet duerch de Verloscht vun Äis a duerch d'opheize vun der Sonn gezeechent ass. Et konnten och ënnerschiddlech geologesch Schichten observéiert ginn, déi un de Saturnmound Phoebe erënneren.[4]

Raumsond Stardust änneren

Weider Ënnersich vum Koméit vun der Raumsond Stardust goufen de 14. Februar 2011 gemaach. D'Sond, déi schonn zanter 1999 ënnerwee war, koum bis 181 Kilometer un de Koméit „Tempel 1“ erun. D'Fotoen, déi vun der Sond gemaach goufen, solle mat deene vun der Deep Impact verglach ginn, fir ze kucken, wat a wéi vill sech verännert huet.[5] D'Fuerscher wëllen op dës Aart a Weis erausfannen, wéi den Himmelskierper viru Millioune Jper entstanen ass.[6]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Richard A. Kerr: Comet Crackup Will Spur Science, Whatever the Result. In: Science. Vol. 308, 27. Mai 2005, AAAS, S. 1247.
  2. Stardust-NExT Date with a Comet Press Briefing youtube.com Ofgeruff de 16. Februar 2011
  3. Michael J. Mumma u. a.: Parent Volatiles in Comet 9P/Tempel 1: Before and After Impact. In: Science. Vol. 310, 14. Oktober 2005, AAAS, S. 270–274.
  4. Richard A. Kerr: Deep Impact Finds a Flying Snowbank of a Comet. In: Science. Vol. 309, 9. September 2005, AAAS, S. 1667.
  5. Florian Freistetter: Mit Mathematik zum Kometen, ScienceBlogs.de, 18. Februar 2011
  6. orf.at: NASA-Sonde passiert Kometen "Tempel", Zougrëff de 15. Februar 2011

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Deep Impact Mission – Fotoe vum Tempel 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien