Taygete (Mound)

Jupitermound


De Mound Taygete (Jupitermound XX) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Taygete
(Jupiter XX)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 9
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.360.000 km
Periapsis 17.473.300 km
Apoapsis 29.246.700 km
Exzentrizitéit 0,252
Ëmlafzäit 732,2 Deeg
Ëmlafvitess 2,32 km/s
Inklinatioun 165,2°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 5 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 21,9
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 25. November 2000

Entdeckung änneren

Den Taygete gouf de 25. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 9.

De Mound gouf no der Taygete, enger vun de Plejaden a Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndaten änneren

De Mound Taygete kreest a 732 Deeg a 5 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.360.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,252. Mat enger Inklinatioun vun 165,2° ass d'Bunn retrograd, dat heescht, de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Taygete zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten änneren

Den Taygete huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Mound huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 21,9m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren