T Coronae Borealis
Stärebild: Corona Borealis (CrB)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 15°59'30,161"
Deklinatioun +/25°55' 12,60"
visuell Magnitude + 10,08 mag
Spektralklass: M3 III p
verännerleche Stärtyp
Astrometrie
Radialvitess:
Parallax
Distanz 2000 Lj
Variabel NR
V-RA (−5,97 ± 1,22)
V-DE (+9,81 ± 1,49)
Physikalesch Eegenschaften
Mass:
Radius:
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur … K
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +26° 2765
Bright Star Catalogue HR 5958
Henry-Draper-Katalog HD 143454
Hipparcos-Katalog HIP 78322
SAO-Katalog SAO 84129
Tycho-Katalog TYC 2037/1144/1

Den T Coronae Borealis (kuerz T CrB) ass eng rekurréierend (zeréckkommend) Nova am Stärebild Corona Borealis, déi ronn 2.000 Liichtjoer vun eis ewech ass. Seng visuell Magnitudeläit bei 10,8 mag. 1866 an 1946 war seng Hellegkeet kuerz op 2,0 mag geklommen.

Et handelt sech ëm en Duebelstäresystem, bei deem sech een ausgedeenten Roude Ris an ee kompakten Wäissen Zwerg a kuerzem Ofstand ëmkreesen. D'Matière aus dem Gasmantel vum Roude Ris stréimt op de wäissen Zwerg iwwer. Gëtt eng kritesch Mass erreecht, setze Fusiounsprozesser an, déi als explosiounsaarteg Hellegkeetsausbréch gesi kënne ginn.

De Buschtaf "T" virun dem Numm identifizéiert no de Konventioune fir d'Benennung vu verännerleche Stären, dëse Stär als drëtten, deen am Stärebild Corona Borealis (nërdlech Kroun) entdeckt gouf.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie