D'Kierch zu Suessem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Suessem Christ Sauveur, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Suessem gehéiert.

Kierch vu Suessem
Parkierch vu Suessem (2013)

Parkierch vu Suessem (2013)
Parkierch vu Suessem (2013)
Uertschaft / Plaz Suessem
Par Par Suessem
Christ Sauveur
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Catherine
Konsekratioun 1738
Koordinaten 49° 32’ 51.3’’ N
      05° 55’ 36.8’’ O
Kierchen - Kapellen
Récksäit vun der Kierch mat dem Säitenagank (riets) an der Grofekapell (lénks)

Se war ursprénglech der Muttergottes geweit, spéider gouf se der helleger Catherine geweit, där hiert Fest de 25. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am Quartier de l'Église, net wäit vum CR175 (Nidderkuererstrooss).

De 5. Mäerz 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Gebai änneren

De Chouer ass am spéitgotesche Stil gebaut. Déi bronze Konschtwierker an der Kierch stame vum Kölner Kënschtler Egino Weinert. De Mosaik vun der Dafkapell ass vum Schëfflenger Kënschtler Ady Deville. Dës Konschtwierker goufe bei der Renovéierung vun 1975 installéiert.

Geschicht änneren

  • 1636 Ubau vun der Grofekapell un de Chouer vun der Kierch. An der Grofekapell ass e Grafmonument am Renaissance-Stil, dat de Johannes Jacob von Daun géint 1630 fir säi Papp opriichte gelooss huet. An der Kapell steet och en Altor, dee 1761 aus der ofgebrannter Kapell vum Suessemer Schlass an d'Kierch iwwerfouert gouf. An der Grofekapell sinn op d'mannst véier Membere vun der Famill de Tornaco begruewen:
    • Victor de Tornaco (21.9. 1885)
    • Thérèse de Tornaco (29.7.1888)
    • Louise-Ghislaine-Herminie-Frenande de Woelmont (31.3.1901)
    • Charles de Tornaco (25.8.1908)
  • 1738 war d'Konsekratioun vum Schëff a vun der Grofekapell.
  • 1766 ass de Klackentuerm gebaut ginn.
  • 1808 ass Suessem eng eegestänneg Par ginn, virdrun huet et zur Par Zolwer gehéiert.
  • 1953 Renovéierung vun der Kierch mat neiem Säitenagank an neier säitlecher Sakristei.
  • 1975 nach eng Renovéierung, besonnesch vum Chouer.
  • Enn 2013/Ufank 2014, Renovéierung vun der Westenfelder-Uergel, neien Ustrach an nei Beliichtung bannen, nei Beschallungsanlag.

Literatur änneren

  • J. Wildschütz am Luxemburger Wort vum 27. Mee 2014, S. 22: Kirche in Sassenheim nach 35 Jahren renoviert. Gotteshaus erstrahlt in neuem Glanz

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).