Pompelspäicherwierk Veianen

D'Pompelspäicherwierk Veianen ass mat enger Nennleeschtung vun 1.296 Megawatt eent vun de gréisste vun där Zort an Europa. Et gëtt vun der Société électrique de l'Our bedriwwen.

Haapthiel mat den 9 Maschinnen

Wéi ass et dozou komm? änneren

An engem Bréif un de Staatsminister Paul Eyschen vum 17. November 1909 freet den deemolegen Direkter vun der Diddelenger Schmelz, den Émile Mayrisch d'Geneemegung fir:

1. eine Talsperre in der Our oberhalb des Dorfes Rodershausen und im Anschluß an dieselbe ein Electricitätswerk errichten zu dürfen.

2. Den natürlichen Flußlauf der Our an der Krümmung, auf welcher das Dorf Bivels liegt, zu unterbrechen und mittels eines Tunnels, welcher die Krümmung durchschneidet, das entstehende Gefälle zur Erzeugung electrischer Kraft zu benutzen....

Fir d'Our hydroelektresch auszenotzen, goufe schonn 1925 déi éischt Etüde maache gelooss. Ee vun de Virprojeten hat eng Staumauer vun 106 Meter Héicht bei Stolzebuerg an der Gemeng Pëtschent virgesinn. Mä an deene politesch komplizéierten Zäiten (d'Our mécht do d'Grenz mat Däitschland) sinn déi Pläng am Sand verlaf.

Nom Zweete Weltkrich goufen déi Iddien nees ausgegruewen. Mä ënner anerem wéinst dem klengen Debit vun der Our goufe sech d'Fachleit schlussendlech eens fir e Pompelspäicherwierk mat kënschtlecher Waasserspäicherung a mat engem Dag/Nuecht-Wiessel ze bauen.

Op Virschlag vun der Lëtzebuerger Regierung gouf den 29. Mee 1951 d'Société électrique de l'Our S.A. (SEO) gegrënnt. Déi hat hire Sëtz an der Stad a sollt sech ëm d'Plangen an d'Realiséiere vum Wierk këmmeren.

De Staatsvertrag vum 10. Juli 1958 tëscht dem Groussherzogtum an dem Land Rheinland-Pfalz huet der SEO d'Betribskonzessioun fir 99 Joer (gerechent vum 1. Januar 1965 un) verschaaft.

Am Hierscht 1959 sinn d'Aarbechte fir d'Kraaftwierk ugaangen, no knapps fënnef Joer war alles fäerdeg.

Aus wat besteet dat Ganzt? änneren

D'Hielekraaftwierk änneren

mat sengen néng dräideelege Maschinnebléck, déi nieftenee stinn, a wou jiddwereng dovun 100.000 Kilowatt Turbinneleeschtung bréngt, besteet aus dräi Haaptkonstruktiounen:

D'Schachtkraaftwierk änneren

besteet aus engem vertikalen zweedeelege Maschinneblock mat 200.000 Kilowatt Turbinneleeschtung, deen 1970 nogebaut gouf. Dës zéngt Maschinn ass an engem Schacht agebaut, net wäit ewech vum ënneschte Baseng, an ass duerch eng eegen Drockleitung mam ieweschte Baseng verbonnen.

Den ieweschte Baseng änneren

 
Vue op en ieweschte Baseng vum Pompelspäicherwierk - Juni 2015

Den ieweschte Baseng läit um Niklosbierg a besteet eigentlech aus zwéi Basengen, déi duerch en Damm getrennt sinn. All Baseng huet e sonneren Alaf fir d'Drockleitungen, an d'Ausleef vun den Drainageleitunge si béidsäiteg am Trenndamm.

D'Drockwaassergalerie änneren

Zwou Drockrouerleitunge verbannen d'Alafwierker I an II mat dem Hielekraaftwierk. Si besti jiddwereng aus engem ieweschte vertikalen Deel, engem méi laange schréien Deel a féieren d'Waasser iwwer en horizontale Verdeeler bei d'Turbinnen a bei d'Pompelen.

D'Haapthiel änneren

D'Haapthiel, an där déi néng Maschinnebléck stinn, huet e bëtonéiert Verwëllef an ass 330 Meter laang, huet eng Breet vu 17 Meter an en ausgebrachene Plaffong vun 30 Meter.

Déi elektromechanesch Installatiounen änneren

An der ënnerierdescher Maschinnenhal stinn néng identesch Maschinne mat enger horizontaler Aggregatwell. All Maschinneblock besteet aus:

  • enger Francisturbinn mat engem Duerchfloss vun 39,5 m3/s an enger Leeschtung vun 100.000 kW
  • enger Motorgeneratrice, déi fest un d'Turbinn gekoppelt ass (klassesch hydroelektresch Grupp)
  • enger mat engem Uelegdrockservomotor gesteierter Zännkupplung fir d'Pompel mat der Motorgeneratrice ze verbannen.
  • enger Peltonturbinn, vun 2.500 kW déi als Demarreur déngt an d'Pompel op eng synchron Tourenzuel bréngt, éier déi un d'Motorgeneratrice gekoppelt gëtt.
  • enger Späicherpompel, déi duebel geflut ass an op zwéin Niveaue fiert mat enger Pompelkapazitéit vun 21 m3/s an enger Leeschtung vun 69.000 kW.

Den Demarrage, d'Ofschalten an de Betribswiessel vun de Maschinnebléck gëtt vum Kontrollraum aus automatesch gesteiert. Am normalen Déngscht ginn d'Turbinne vun enger Zentral vum RWE-Verdeeler zu Brauweiler an Däitschland gesteiert.

Am Géigesaz zu de Maschinnen 1-9 besteet déi zéngt Maschinn mat enger Turbinneleeschtung vun 200.000 kw aus enger Pompelturbinn mat enger senkrechter Well, déi mat enger Motorgeneratrice fest verbonnen ass.

Den ënneschte Baseng änneren

 
D'Staumauer op der Loumillen

Den ënneschte Baseng gëtt gestäipt vun enger Schwéiergewiichtsmauer, de Staudamm, bei der Veianer Loumillen. Déi Mauer ass 30 Meter héich, d'Dammkroun ass 130 Meter laang an ënner dem Wee 3,8 Meter breet an den Dammfouss ass 28 Meter laang.

D'Fläch vum gestaute Waasser ass 10 Hektar an de Volume vum 8 Kilometer laange "Séi" ass 10 Milioune Meter Kibb.

Dräi "Kegelstrahlschieber" fir den Oflaf vu bis zu 100 Meterkibb an der Sekonn an e "Rankschieber" fir 25 Meterkibb an der Sekonn si bei staarker Waasserféierung a Betrib. En Zweete Rankschieber gëtt gebraucht fir d'Fäinreguléierung bei engem Duerchfloss vu bis zu 1 Meter Kibb/s.

Bei Héichwaasser funktionéiert en Iwwerlaf an erlaabt 180 Kubikmeter/s ofzeloossen.

Beim Fouss vun der Staumauer leeft e klengt Kraaftwierk mat 2 Kaplan-Turbinne vun 3100 kW an 900 kW fir Waasserquantitéite vun engem bis zu 12 Kubikmeter an der Sekonn.

D'Tëschewier zu Stolzebuerg änneren

Zu Stolzebuerg bei der Ourbréck fir op Keppeshausen gouf en Tëschewier mat zwou automatesch gesteierte Wierpaarten opgeriicht, dat de Stauséi flossop ofgrenzt. Do lafen zwou Kaplanturbinne bei enger Waasserspigeldifferenz vun 3 Meter an engem Duerchfloss vun 2 Meterkibb an der Sekonn pro Turbinn, woubäi all Turbinn 32,5 Kilowatt leescht.

Ausbau änneren

De 27. Mäerz 2007 huet de Verwaltungsrot vun der SEO decidéiert d'Pompelspäicherwierk vu Veianen ëm eng eeleft Pompelturbinn mat enger Leeschtung vun 200 Megawatt z'erweideren.

De 26. Februar 2009 goufen d'Pläng vun där Erweiderung der Ëffentlechkeet am Detail presentéiert. De Projet huet virgesinn, de Faassungsvolume vum ieweschte Baseng ëm 500.000 m³ op 7,3 Millioune Meterkibb z'erhéijen an dofir d'Stauzil vun den zwéin ieweschte Basengen jeeweils ëm 1 Meter vu 510,30 m NN op 511,30 m NN ze hiewen. Och den ënneschte Baseng huet mussen erweidert ginn, soudatt dat iewescht Stauzil hei ëm 0,5 Meter ugehuewe konnt ginn. An dofir hunn och e puer Stroossen a Weeër laanscht dëse Baseng musse méi héich geluecht ginn.

D'Aarbechte vun der Maschinn hunn am Januar 2010 ugefaangen a waren am Dezember 2014 fäerdeg. D'Maschinn 11 ass de 4. November 2014 a Presenz vum Grand-Duc Henri a vum däitsche Bundespresident Joachim Gauck, deen op Staatsbesuch war, ageweit ginn. Et goufen am Ganzen 186 Mio. Euro investéiert, déi ongeféier zu gläichen Deeler vun de RWE Power an Enovos Lëtzebuerg iwwerholl goufen[1].

Déi nei Maschinn ka bal 1.300 Megawatt Spëtzestroum an d'europäescht Verbondsnetz aspeisen[1].

Technesch Donnéeën änneren

Maschinnen 1-9 Maschinn 10 Maschinn 11 Total
Nominal Falhéicht m 280 280 280
Debit Turbinn /s 9 × 39,5 77 78,2 510,7
Debit Pompel /s 9 × 21 74 62,1 325,1
Turbinneleeschtung MW 9 × 100 196 200 1296
Pompelleeschtung MW 9 × 70 220 195 1045
Rotatiounsvitess t/min 428 333,3 333,3
Duerchmiesser Turbinnerad mm 2450 4400 4300
Iewescht Basengen Ënneschte Baseng
Benotzbare Waasservolumen 7.340.000 Benotzbare Waasservolumen 7.340.000
Energiecapacitéit KWh 5.000.000 Total Volumen 10.000.000
Maximale Waasserstand m 511,30 Maximale Waasserstand m 288,00
Minimale Waasserstand m 494,00 Minimale Waasserstand m 219,00

Literatur änneren

  • Hamer, P.: L'histoire de la centrale de Vianden au Luxembourg. Die Entstehung des Pumpspeicherwerks Vianden in Luxemburg., Luxembourg 1971

Um Spaweck änneren

Commons: Pompelspäicherwierk Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Société Electrique de l'Our : - Hauptaktivitäten - Maschine 11. www.seo.lu. Gekuckt de(n) 03.07.2022.