D'Kierch zu Stolzebuerg, och nach Odo-Kierch genannt, ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.

Kierch vu Stolzebuerg
D'Stolzebuerger Parkierch, doriwwer d'Schlass (2007)

D'Stolzebuerger Parkierch, doriwwer d'Schlass (2007)
D'Stolzebuerger Parkierch, doriwwer d'Schlass (2007)
Uertschaft / Plaz Stolzebuerg
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Odo
Baujoer 1885
Koordinaten 49° 57’ 56.0’’ N
      06° 10’ 00.7’’ O
Kierchen - Kapellen
De Klackenopsaz op der Kierch

De Patréiner ass den hellegen Odo, deem säi Fest den 18. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale), der N10, mat der rue de Puetscheid, dem CR320. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 28. Oktober 2022 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Stolzebuerg gehéiert ausser der Parkierch vu Stolzebuerg och nach d'Kapell vu Pëtschent.

D'Par Stolzebuerg huet bis zum August 2013 zum Parverband Veianen gehéiert, duerno fir kuerz Zäit zum Parverband Housen-Houschent, a vun 2015 bis 2017 nees zum Parverband Veianen.

Geschicht änneren

Virun 1585 huet Stolzebuerg zu der Par Housen gehéiert. Déi Zäit stoung eng méi eng grouss Kapell an der Uertschaft, déi dem hellege Pankratius geweit war. Eng Klack vu 1506 am Kierchtuerm bezeit deem säin Alter vun engem hallwe Joerdausend.

Den Odo vu Cluny gouf 1761, wéi d'Kierch vergréissert oder nei gebaut gouf, de Patréiner vun der Kierch.

Déi haiteg Kierch gouf 1885 gebaut. 1955 ass d'Kierch renovéiert ginn a se krut e Klackenopsaz (Campanile) mat deenen zwou alen an zwou neie Klacken, déi a La, Do, Mi an a Fa lauden.

1957 gouf eng Uergel, aus der Manufacture d'orgues luxembourgeoise succ. Georges Haupt vu Lëntgen installéiert an den 18. August 1957 ageweit.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch Stolzebuerg.

Bannent der Kierch fënnt een eng Rei Keramikwierker vum Kënschtler Léon Nosbusch vu Pëtschent.

Den alen Tuerm änneren

Lénks nieft der Duebeltrap, déi an d'Kierch féiert, steet de stabillen Tuerm vun der aler Kierch. Bannenan ass de fréieren neigoteschen Dafsteen an déi leeë Grafplack vum Paschtouer Franz Kalbusch ze gesinn, deen 1832 zu Stolzebuerg gestuerwen ass.

Literatur änneren

Feltes, René, 2000. Stolzemburg / St.-Odo-Kirche / Pfarrkirche der Pfarrei Stolzemburg / Erbaut 1885. Depliant vun der Stolzber Kierchefabréck. 6 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Stolzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).