Anton Pawlowitsch Tschechow
Den Anton Pawlowitsch Tschechow [ˈtʃʲɛxəf] (ru.: Антон Павлович Чехов, gebuer den 17.jul./ 29. Januar 1860greg. zu Taganrog, a Russland, a gestuerwen de 2.jul./ 15. Juli 1904greg. zu Badenweiler, am Däitsche Räich, war e russesche Schrëftsteller. Vu Beruff war hien Dokter, en huet awer virun allem vum Schreiwe gelieft.
Anton Pawlowitsch Tschechow | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | Антон Павлович Чехов |
Pseudonym | Брат моего брата, Человек без селизёнки, Антоша Чехонте |
Gebuer | 17. Januar 1860 jul. |
Gestuerwen |
2. Juli 1904 jul. Badenweiler |
Doudesursaach | Tuberkulos |
Nationalitéit | Russescht Keeserräich |
Aktivitéit | Journalist, Dramaturg, Schrëftsteller, Prosaist, Satiriker, Auteur |
International ass den Tschechow fir seng Theaterstécker, wéi z. B. Tri sestry (Три сестры, "Dräi Schwësteren"), Tschaika (Чайка, "D'Méiw") oder Wischnjowy sad (Вишнёвый сад, De Kiischtebongert) bekannt. Tëscht 1880 an 1903 huet hien iwwer 600 literaresch Wierker geschafen. Seng Portraiten, op eng zréckhalend Aart a Weis, vun den typeschen Aspekter aus dem Liewen an der Denkweis vun de Leit an der russescher Provënz hunn hien zu engem vun de Bedeitendste Auteure vun der russescher Literatur gemaach.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Anton Pawlowitsch Tschechow – Biller, Videoen oder Audiodateien |