Spa
Spa (wa.: Spå) ass eng belsch Stad a Gemeng an der Provënz Léck. Si huet 10 000 Awunner an ass als Thermalbad säit laanger Zäit bekannt, warscheinlech schonn zur Zäit vun de Réimer. Spa ass zu engem Begrëff ginn, wat d'Thermalbierder ugeet. Den Thermalbegrëff Spa gëtt meeschtens op d'Stad Spa zeréckgeféiert, munnechmol och op d'Formel: Sanitas per Aqua (Gesondheet duerch d'Waasser).
Spa | |
---|---|
De Casino vu Spa | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Verviers |
Awunner | 10.378 (1. Januar 2018) |
Fläch | 8.653 |
Koordinaten |
50° 29’ 33’’ N 05° 51’ 52’’ O |
Telefonszon | 087 |
Postcode | 4900 |
Websäit | https://www.villedespa.be/ |
Zu Spa hu sech an der Zäit d'Elitten aus der ganzer Welt Rendez-vous ginn, ënner anerem den Dichter Victor Hugo, den Tsar Péiter de Groussen vu Russland (fir sech do vum Wodka ze désintoxiquéieren), déi ganz belsch Kinneksfamill, besonnesch awer d'Kinnigin Marie-Henriette, den Alexandre Dumas (Papp) an de Casanova. D'mondaint Liewen zu Spa am 18. Joerhonnert ass gutt am Film Barry Lyndon vum Stanley Kubrick duergestallt. Et ass iwweregens zu Spa, wou den éischte moderne Casino gebaut gouf.
Nodeems et eng Zäit méi roueg zu Spa gi war, huet den Thermalissem zanter den 1950er Joren en neien Héichpunkt erreecht.
Op der Héicht, déi Spa dominéiert, goufen d'Installatiounen Annette a Lubin gebaut, bei déi haut eng Seelbunn féiert.
Zu Spa gëtt et och vill Geleeënheete fir spadséieren ze goen.
Uertschaften an der Gemeng
ännerenAutomobilsport
ännerenAusser sengem gudde Ruff als Thermalstatioun ass Spa besonnesch bekannt wéinst den Autoscourssen déi do um Circuit Spa-Francorchamps all Joer ausgedroe ginn. Et gëtt och allgemeng als d'Wéi vum belschen Autossport betruecht.
D'Geschicht vum belschen Automobilssport huet do den 11. Juli 1896 ugefaangen. De belschen Automobilclub hat do e puer Autosdeeg organiéiert fir de gutt situéierten Thermalgäscht eng Attraktioun ze bidden. Et gouf e Concours d'élégance an e Gymkana, a wat dat wichtest war, och eng Course vun 12 km. oganiséiert, déi vun zwéi Fransouse gewonne gouf.[1]
Geschicht
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Éischte Weltktich
ännerenAm Mäerz 1918, hat déi däitsch Arméi hiren Haaptquartéier zu Spa ageriicht an huet vun do aus déi lescht gréisser däitsch Offensiv am Éischte Weltkrich ausgeléist. Den État-major hat seng Wunnengen a Villaen a Schlässer ronderëm Spa. De Keeser Wëllem II. huet deemools an der Villa Neubois zu Nivezé an am Schlass La Fraineuse gewunnt. De Feldmarschall Hindenburg huet an der Villa Sous-bois an de Generol Ludendorff am Hill Cottage gewunnt wärend de Rescht vum État-major am Hôtel Britannique logéiert huet. An all deene Residenze waren och Loftschutzbunkere gebaut ginn déi an der Tëschekrichszäit eng Touristenattraktioun waren.
Am Schlass La Fraineuse gouf dunn och 1920 d'Konferenz vu Spa ofgehalen.
Jumelagen
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Spa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ http://www.coursedecote.be/history/debuts.htm Championat de Belgique, historique des courses