De Sextans B ass eng irregulär Zwerggalaxis vum Typ Ir IV-V am Stärebild Sextans.

Sextans B
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Sextans (Sex)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 00m 00,1s
Deklinatioun + 05° 19' 56"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz (d)Im IV-V
Visuell Magnitude 11,9 mag
Wénkelduerchmiesser 5′,1 × 3′,5
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp
Distanz (Lj) (4.440.000 ± 230.000)
Radialvitess (301 ± 1)
Mass 2 × 108 M
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
MCG +01-26-005
PGC 28913
UGC 5373

Zesumme mat der Zwerggalaxis Sextans A bilt si eng Koppel um baussenzege Rand vun der lokaler Grupp. D'Galaxis weist Unzeeche vun engem gravitativen Zesummenhang un d'NGC-3109-Ënnergrupp.

Eegenschaften änneren

Gréissten änneren

De Sextans B läit op enger Distanz vun ongeféier 1360 kpc vun eis ewech a beweegt sech vun eiser Sonn mat enger Vitess vu ronn 301 km/s ewech. Si gehéiert domat zu deenen, déi am wäitste vun der lokaler Grupp ewech leien.

Zesummesetzung änneren

D'Zwerggalaxis huet eng eenheetlech Stärepopulatioun, hiren interstellare Medium ass awer net homogeen.

D'Mass vum Sextans B gëtt op ronn 2 × 108 M geschat mat engem Deel vu 5,5 × 107 M an atomarem Waasserstoff.

Stäregenesis änneren

D'Stäregenesis vun der Galaxis weist ënnerschiddlech Periode mat wéineg Aktivitéit, ënnerbrach vun Zäiten ouni Aktivitéit. D'Existenz vu variabelen Cepheiden am Sextans B weist awer och op aktuell wann och nëmme wéineg Stäregebuerten hin.

Metallizitéit änneren

D'Metallizitéit vum Sextans B ass relativ kleng. Bis elo konnte fënnef Planetaresch Niwwelen an der Zwerggalaxis identifizéiert ginn. Si gehéiert domat zu de klengste Galaxien, an deenen där bis elo observéiert konnte ginn. Wéinst der Distanz vum Sextans B gesi s'aus wéi Punktquellen, kënnen awer iwwer hir spektral Emissiounslinnen identifizéiert ginn. Hir konnt och e massive Kugelstärekoup zougeschriwwe ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren