Norbert Quintus

lëtzebuergeschen Historiker

Den Norbert Quintus, gebuer den 11. November 1944, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur.

Norbert Quintus
Gebuer 11. November 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Auteur, Lycéesprofesser

Biographie änneren

No sengem Geschichts- a Geographiesstudium op der Universitéit vun Nanzeg ass den Norbert Quintus bis zur Pensioun Professer am Lycée technique Nic-Biever zu Diddeleng gewiescht. De "Mémoire scientifique", deen hien am Kader vum "Stage pédagogique" geschriwwen huet, huet den Titel: Problèmes de la vente des biens nationaux au (sic) département des Forêts (1795-1813) - La vente des biens des grandes abbayes; Lëtzebuerg, 1975 (net verëffentlecht).

Den Norbert Quintus intresséiert sech fir déi lëtzebuergesch industriell Vergaangenheet vum Mëttelalter bis haut, fir d'Liewen an d'Schaffen um Land an aler Zäit, fir den historesch-kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg, fir d'Geschicht vum Réiserbann a fir den Zweete Weltkrich. Hien ass bei den Amis de l'histoire du Roeserbann engagéiert an huet beim Opbau vum Baueren- a Kutschemusée (Musée rural et des calèches) zu Peppeng matgeschafft.

Den Norbert Quintus wunnt zu Peppeng am Réiserbann. Hien ass bestuet a Familljepapp.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Luxembourg - Promenade à travers le coeur historique de la capitale / Rundgang durch das historische Herz der Hauptstadt (zesumme mam Guy Pauly). Lëtzebuerg, Syndicat d'initiative et de tourisme, 1979.
  • Das alte Luxemburg heute - ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock (800-1800) (zesumme mam Robert Krantz). Lëtzebuerg, RTL Édition, 1984.
  • Peppingen - Beiträge zur Geschichte eines alten Dorfes (Kurzausgabe 1985). In: Peppeng a säin Dëschtennis, Broschür fir den 30. Anniversaire vum Peppenger Dëschtennis-Veräin, Lëtzebuerg, 1985, S. 7-87.
  • Biller aus dem Krich. Lëtzebuerg, 1985.
  • D'Aarbecht an de Gallerien. Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 1988.
  • Notre patrimoine - Les dessins d'architecture du professeur Joseph Wegener (zesumme mam Robert Krantz a mam Jemp Kunnert); 3 Bänn, Lëtzebuerg, 1989.