Haaptmenü opmaachen
Den offizielle Logo

De Marshallplang, offiziell European Recovery Program (kuerz ERP), war e Programm, mat deem d'Vereenegt Staate vun Amerika nom Zweete Weltkrich Westeuropa mat Hëllef vu Kreditter, Matière premièren, Liewensmëttel a Wueren, tëscht 1948 an 1952 ekonomesch nees op d'Been gehollef hunn.

E war 12,4-Milliarden Dollar grouss a gouf den 3. Abrëll 1948 vum Kongress vun de Vereenegte Staaten gestëmmt. De President Harry S. Truman huet en nach den Dag selwer ënnerschriwwen an a Kraaft gesat.

D'Hëllefe goufen un d'Memberstaate vun der Organisation for European Economic Co-operation (OEEC) verdeelt.

D'Iddi geet op den US-Ausseminister (1947–1949) George C. Marshall zréck.

Nieft dem Zil, der Bevëlkerung vun Länner an Europa, déi zum Deel Honger gelidden hunn, direkt ze hëllefen, hat de Plang och d'Komponenten, d'Sowjetunioun an de Kommunismus zréckzedrängen ("Containment-Politik") an en Ofsazmaart fir d'US-amerikanesch Iwwerproduktioun ze schafen.

Leeschtungen aus dem MarshallplangÄnneren

 
Leeschtunge pro Land

Am Kader vum Marshallplang krute 16 europäesch Länner am Ganze ronn 12,4 Milliarden US-Dollar; den George C. Marshall-Center geet souguer vu 16,2 Milliarden US-Dollar aus.

ECA/MSA-Allocatioune vum 3. Abrëll 1948 bis den 31. Dezember 1952 a Milliounen Dollar[1]
Land 1948/49 1949/50 1950/51 1951/52 1952/53 Total
  Éisträich 280 166,5 114,3 116,0 35 711,8
  Belsch a   Lëtzebuerg 261,4 210,9 74,3 8,9 555,5
  Dänemark 126,2 86,1 45,1 14,0 4,5 275,9
  Frankräich 1313,4 698,3 433,1 261,5 100 2806,3
  Däitschland 613,5 284,7 399,1 91,7 23,8 1412,8
  Griicheland 191,7 156,3 167,1 178,8 693,9
  Island 8,3 7,0 8,4 5,5 0,6 29,8
  Irland 86,3 44,9 15,0 146,2
  Italien 668 403,7 244 159,3 40 1515
  Holland (ouni Indonesien) 507 268,3 101,9 100 977,3
  Norwegen 101,1 89,5 46,1 16,8 253,5
  Portugal 38,8 11,7 50,5
  Schweden 45,4 51,9 21,2 -11,4 107,1
  Jugoslawien 29 80,3 50,0 159,3
  Tierkei 49 58,5 45 70 20 242,5
  Vereenegt Kinnekräich 1619,7 907,9 298,4 350 266,9 3442,8
  Triest 17,9 12,5 2,1 32,6
  Indonesien 64,1 37,3 101,4
Allg. Avancen op Marchandisen 33,5 33,5
EZU-Kapitalfonds 350 11,4 361,4
Total 5953 3523 2405,9 1486,2 540,8 13908,9

ECA/MSA: „Economic Cooperation Act“, duerno „Mutual Security Agency“ waren amerikanesch Organisatiounen, déi de Marshallplan implementéiert hunn.

Lëtzebuerg huet direkt relativ wéineg dovu profitéiert: e Kredit vun 110 Millioune Frang, e Véirel vun de Gesamtkäschten, gouf iwwer de Marshallplang finanzéiert, fir de Barrage Esch-Sauer opzeriichten. Indirekt louch den Avantage fir d'Land awer méi héich: De wirtschaftlechen Opschwong an den Nopeschlänner koum den Exporter vun der Lëtzebuerger Stolindustrie zugutt, an op aussepoliteschem Plang huet déi vun den Amerikaner gefuerdert Zesummenaarbecht tëscht den europäesche Länner et Lëtzebuerg erméiglecht, als gläichberechtegte Partner opzetrieden.[2]

LiteraturÄnneren

  • Hans-Jürgen Schröder (Hrsg.) Marshallplan und westdeutscher Wiederaufstieg: Positionen, Kontroversen. Steiner, Stuttgart 1990, ISBN 978-3-515-05761-5, S. 254–256
  • Ludolf Herbst, Werner Bührer, Hanno Sowade (Hrsg.): Vom Marshallplan zur EWG: Die Eingliederung der Bundesrepublik Deutschland in die westliche Welt. Institut für Zeitgeschichte, Verlag Oldenbourg, München 1990, ISBN 978-3-486-55601-8, Auswahlbibliografie S. 615–640
  • Jean-Marie Kreins: "La réception du plan Marshall au Grand-Duché de Luxembourg (1947-1951)"; in: Hémecht, Jg. 61 (Lëtzebuerg, 2009), Heft 3, Ss. 309-343, an Heft 4, Ss. 437-465.

ReferenzenÄnneren

  1. Manfred Knapp: Deutschland und der Marshallplan. In: Hans-Jürgen Schröder (Hrsg.): Marshallplan und westdeutscher Wiederaufstieg. Stuttgart 1990, S. 35ff, hier S. 75. GoogleBooks
  2. "70 Jahre Marshallplan: Ein Schubs für Luxemburg." wort.lu, 10. Juni 2017 um 07:00.