Hyperschnellleefer (englesch: hypervelocity stars; kuerz HVS) si Stären, déi sech mat 300 bis 1000 km/s (d. h. ee bis dräi Promille vun der Liichtvitess) séier genuch beweegen, fir d'gravitativ Feld vun der Mëllechstrooss ze verloossen; si sinn domat nach méi séier wéi normal Schnellleefer, deenen hir Beweegungsenergie net duer geet, fir d'Heemechtsgalaxie ze verloossen.

Bei Hyperschnellleefer handelt et sech haaptsächlech ëm Haaptreiestäre vum Spektraltyp B mat Uewerflächentemperaturen ëm 12.000 K a Massen tëscht dräi an aacht Sonnemassen. Et gëtt verschidden Hypotheesen, wouhir déi erfuerderlech Beweegungsenergië stame kéinten.

Eegenschaften änneren

Wärend et eng Rei vu B-Stäre gëtt, déi zu den Hyperschnellleefer gerechent ginn, schéngt et keng Hyperschnellleefer mat engem spéidere Spektraltyp ze ginn. Hyperschnellleefer ginn haaptsächlech am galakteschen Halo fonnt. Den Urspronk vun de galaktesche Hyperschnellleefer schéngt am Zentrum vun der Mëllechstrooss ze leien, well d'Beweegungsrichtung ëmmer vun do ewechgeriicht ass. D'Vitess vun den HVS-Stären an der Sonnegéigend läit am Beräich vun 300 bis 700 km/s. Dat entsprécht enger Ufanksvitessvu 700 bis 1000 km/s an der Géigend vum Galakteschen Zentrum.

Urspronk änneren

Déi geleefegst Theorie ass, datt Hyperschnellleefer beim Auseneebrieche vun engem Duebelstäresystem bei enger Begéignung mam zentrale Schwaarze Lach am Zentrum vun der Mëllechstrooss acceleréiert gëtt.

Dat kann awer net fir all Hyperschnellleefer gëllen, well d'Liewensdauer vu verschiddene Stäre ze kleng ass, fir mat dëse Vitessen aus dem galakteschen Zentrum un hir aktuell Plaz ze kommen. Weider geet et ëm e Faktor 100 zu villen Hyperschnellleefer an der Mëllechstrooss, wann d'Auseneebrieche vun Duebelstären an der Géigend vum zentrale schwaarze Lach den eenzegen Urspronk wier. Als drëtt wier de méigleche Gewënn a kinetescher Energie vill ze wéineg, fir d'Flucht vun de Stäre aus engem noen Orbit ëm dat Schwaarzt Lach am Zentrum vun der Mëllechstrooss z'erméiglechen. D'Duebelstäresystem misst aus extreem grousser Distanz zimmlech direkt op dat zentraalt Schwaarzt Lach zoufalen an d'Stären am Duebelstäresystem misste sech géigesäiteg bal beréieren, woufir d'Warscheinlechkeet ganz kleng ass.

Alternativ Hypotheese sinn:

  • Onsymmetresch Supernovaexplosiounen an Dubelstäresystemer:
    Déi ginn och fir normal Schnellleefer diskutéiert. Datt vill Hyperschnellleefer aus Richtung vum galakteschen Zentrum ze komme schéngen, géif sech doduerch erklären, datt do d'Stärendicht an domat och d'Zuel vun deenen duerch Supernovaexplosiounen entstoend Schnellleefer méi héich ass wéi an de baussenzecge Beräicher vun der galaktescher Scheif.
  • En zweet schwaarzt Lach an der Géigend vum galakteschen Zentrum:
    Dat géif zwar d'Ufangsquell verständlech maachen, awer da sollten nach méi héich Entweechvitessen observéiert ginn.
  • Aktivitéit vum galaktesche Kär:
    Déi féiert zu Jetbildung och am Zentrum vun der Mëllechstrooss, wat aktuell am Roumodus ass. Trëfft de Jet op Gas, féiert dat zu enger Verdichtung mat nofollgender Stäregenesis an enger Acceleratioun vun der Moleküllwollek am Laf vun 10 Millioune Joer op Entweechvitessen. Déi héchst Endvitesse sinn dann nees d'Folleg vun engem Auserneebrieche vun engem Duebelstäresystem duerch eng Supernovaexplosioun. Well d'Stäre gläich bei hirer Genesis aus dem Zentrum eraus acceleréiert ginn, kéinten och kuerzlieweg Haaptreiestäre vun der Spektralklass O sech sou wäit vum galakteschen Zentrum verlageren.
  • D'Wiesselwirkung tëscht engem Schwaarze Lach mat manner wéi 20 Sonnemassen an engem Duebelstäresystem
  • Dee sech mat héijer Vitess duerch d'Galaxie beweegende B-Stär kéint och e bloen Ënnerzwerg sinn. Am einfach-entaarteten Szenario fir thermonuklear Supernovae transferéiert en Haaptreiestär Mass op e Wäissen Zwerg, deen dorophin de gravitative Kollaps net méi verhënnere kann. Bei der Supernovaexplosioun gëtt de Wäissen Zwerg vollstänneg zerstéiert, an de fréiere Begleeder entwéckelt sech duerch den Impakt vun der Explosioun zu engem Bloen Ënnerzwerg.
  • En Deel vun den Hyperschnellleefer kéint d'Gezäitewierkung op Zwerggalaxien an der Géigend vum zentrale schwaarze Lach bilden, déi wéi bei der Sagittarius-Zwerggalaxie zu enger Opléisung vun der Zwerggalaxie féiere kann.

Bekannt Hyperschnellleefer änneren

HD 271791 änneren

Bei HD 271791 huet een duerch Observatioun vun der Fluchbunn erausfonnt, datt dee Stär ni an d'Géigend vum Mëllechstroossenzentrum komm konnt. Et ass warscheinlech, datt hien duerch d'Zesummetreffe vun der Mëllechstrooss mat enger anerer, méi klenger Galaxie virun 150 Millioune Joer déi héich Vitess kritt hat.[1] Ausserdeem réckelt den HD 271791 vun der normaler cheemescher Zesummesetzung vu Stären of; hien huet beispillsweis Silizium.[2],[3],[4]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Spektrum.de: – Hyperschnellleefer

Referenzen änneren

  1. Olaf Stampf: Katapult für Sonnen, Spiegel Online 7. September 2009
  2. Ulrich Heber: Op der Schleiderbunn aus der Galaxie, innovations report 3. Mäerz 2009
  3. Maria Fernanda Nieva, Ulrich Heber and Norbert Przybilla: Neie Hyperschnellleefer entdeckt: Dës Kéier war et net dat Schwaarzt Lach am Zentrum vun der Mëllechstrooss, Max-Planck-Institut fir Astrophysik 7. Januar 2009
  4. http://www.spiegel.de/spiegel/print/d-66803961.html Olaf Stampf, ASTRONOMIE - Katapult für Sonnen: Astronomen haben rasende Sterne entdeckt: Die Himmelskörper beweegen sich so schnell, dass sie dem Schwerefeld der Milchstraße entkommen. Wie ist das möglich? In: Der Spiegel, Print, Nr. 37/2009, 7. September 2009, S. 126, gekuckt de 17. Juli 2015.