En Hafebaseng ass e rechteckege Baseng an engem Hafen, dee geduecht ass, datt Schëffer kënnen do festmaachen, fir ausgelueden oder geluede ze ginn. A groussen Industriehäfe sinn déi Basengen duerch Mole vunenee getrennt, déi schréi zum Schëffskanal stinn.

A Reparaturhäfen ass dee Baseng geduecht fir Schëffer opzehuelen, op deene Reparaturaarbechte gemaach ginn, fir déi d'Schëff net brauch an en Dréchendock ze goen.

A verschiddenen Häfe, wéi z. B. zu Antwerpen kënnen d'Haaptbasenge duerch déi ee Schëffswee féiert mat Schleisen zougemaach ginn fir datt Gezäite sech net bemierkbar maachen.