Schëff
![]() |
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Gefier um Waasser: Schëff. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Schëff (Homonymie). |
E Schëff ass e grousst Waassergefier dat nom Prinzip vum Archimedes schwëmmt. Vum Floss ënnerscheet et sech well et en eegenen Undrif huet, a vum Boot duerch seng Gréisst.

Passagéierschëff RMS Queen Mary 2
Schëffer ginn op Werfte gebaut. Wann de Réibau fäerdeg ass gi se mat engem Stapellaf, an d'Waasser gelooss. Duerno gi se fäerdeg gebaut. Wann e Schëff gefléckt gëtt, kënnt et an en Dréchen- oder Schwammdock.
OpbauÄnneren
- De Bug ass de viischten Deel vum Schëffsromp.
- De Wulstbug (Knupp um ënneschten Deel) reduzéiert Bugwell an doduerch streimungseegenschafften, a setzt den Energieverbrauch erof.
- Den Anker gëtt dem Schëff e festen Halt am Waasser, wann et net fiert.
- D'Backbordsäit ass déi lénks Säit vum Schëff (nuets rout Liicht).
- D'Schëffsschrauf dreift d'Schëff virun.
- D'Heck bezeechent den hënneschten Deel vum Schëff.
- De Schaarschtech ass fir d'Evakuatioun vun den Oggase vun de Schëffsmotoren noutwenneg.
- Den Deckopbau bezeechent all Opbauten iwwer dem ieweschten Deck.
- D'Uewerdeck ass dat iewescht Deck vum Schëff.
- D'Steierbordsäit ass déi riets Säit vum Schëff (nuets gréngt Liicht).
Kategorië vu SchëfferÄnneren
D'Gasschëff LNG Bonny
DräimasterDar Pomorza
De Fligerdréier USS Harry S. Truman
Ozeanographescht Schëff Pourquoi-Pas ?
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Schëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien |