De Kanal vun Épinal ass e ronn 3 km laange Kanal deen d'Stad Épinal mat dem Canal des Vosges verbënnt.

En huet säin Ufank am Hafe vun Épinal an huet Uschloss un de Canal des Vosges tëscht der éischter an der zweeter Schleis vun der Schleisentrap vu Golbey, just nieft dem Fluchfeld vun Dogneville.

Um Kanal gëtt et keng Schleis an e gëtt vun der Musel iwwer e Wier zu Épinal gefiddert.