Schläifmille ware fréier Millen an deene Metallgéigestänn geschäerft a geschlaff oder Steng geschnidden a poléiert goufen. Si goufe mat Waasserkraaft ugedriwwen. Awer och méi spéit ass d'Technik vum Stengschneide laang déi selwecht bliwwen just den Undrif huet gewiesselt.

D'Schläifmillen op der Uelzecht. Zeechnung vum Nicolas Liez (1834).

Fir d'Steng ze schneide goufen déi grouss Steebléck an engem Gerëscht festgemaach, an dann ass e Seeblad hin an hier driwwer gezu ginn. Déi Seeblieder ware meeschtens glat fir datt d'Reiffläch am Schnëtt sollt grouss sinn. Eréischt méi spéit, wéi mat méi séieren Undriwwer konnt geschafft ginn, kruten d'Blieder Zänn. Doduerch huet den Drock vum Blat op de Stee sech vergréissert, de Wee fir hin an hier ze fueren ass méi kuerz ginn, an duerch d'Tëscheraim konnt dat geseetent Material besser evakuéiert ginn.

Fir de Stëbs, dee beim Seeën ufält, lasszeginn, ass stänneg Waasser iwwer d'Blat gelaf an doduerch ass de Bulli erausgeschwemmt ginn. Dacks gouf och nach renge Quarzsand ënner d'Waasser gemëscht, fir d'Reiwung méi grouss ze maachen. Sou ass da lues a lues eng Fou an de Stee geschlaff ginn, wat bei grousse Bléck dacks ganz laang konnt daueren, well d'Vitess net héich war an och vun der Waasserquantitéit déi zur Verfügung stoung ofhängeg war.

Wann de Stee ganz duerchgeseet war, gouf e poléiert. Dofir ass en op e Schläif- oder Poléierdësch geluecht ginn. Am Ufank gouf da mat Eisen- oder Kofferrumme poléiert. Wann de graffe Schläifvirgank fäerdeg war, gouf de Steen da mat hëlze Placke weiderpoléiert, déi mat Lieder oder Filz iwwerzu waren, a mat Gewiichter belaascht goufen. Grat sou wéi beim Schneiden ass dat Ganzt ëmmer mat Hëllef vu Waasser gemaach ginn, an deem am Ufank och Quarzsand dra gemëscht war, a wat d'Aarbecht méi wäit weider gaangen ass, ass ëmmer méi renge Sand geholl ginn.

Fir e matte Glanz ze kréien, gouf zum Schluss mat Woll poléiert, a fir et ganz blénkeg ze kréie gouf Zënnäsche mat derbäi geholl.

Eng vun de wéinege Schläifmillen déi an engem gudden Zoustand ass, a besicht ka ginn, ass d'Schläifmille vu Schwerin.

Zu Lëtzebuerg gouf et e puer Schläifmillen, dovun zwou am Dall vun der Uelzecht, eng op där Plaz, déi haut nach op der Schläifmille genannt gëtt an déi fréier Gantebeensmillen, an eng aner am Dall vun der Wäisser Iernz zu Miedernach.