Kierch Altréier

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Altréier ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Bech gehéiert.

Kierch zu Altréier
Kierch vun Altréier (2013)

Kierch vun Altréier (2013)
Kierch vun Altréier (2013)
Uertschaft / Plaz Altréier
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Mathias
Koordinaten 49° 45’ 0.7’’ N
      06° 19’ 36.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Altréier Op der Schanz, dem CR136/136A. Zirka 20 m hanner der Kierch steet e Waassertuerm. De Kierfecht ass zirka 60 m hanner der Kierch ugeluecht.

Se gouf den 30. August 2017 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Zur fréierer Par Hemstel hunn ausser der Kierch vun Altréier och nach d'Parkierch vun Hemstel, d'Kapell vun Heeschbreg, d'Kapell vu Rippeg an d'Kapell vun Zëtteg gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Altréier – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kierch vun Altréier vun Norde gesinn

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).