Mediahuis Luxembourg

Verlagshaus zu Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Saint Paul Luxembourg)

Mediahuis Luxembourg ass e Multimedia-Verlagshaus zu Lëtzebuerg. Et ass 1887 als Sankt-Paulus-Verlag gegrënnt ginn[3],[4] an housch bis den 20. Juni 2021 Saint-Paul Luxembourg.

Mediahuis Luxembourg S.A.,
bis virum 19. Juli 2021 Saint-Paul Luxembourg S.A.[1]
Siège vu Mediahuis Luxembourg am Garer Quartier
Typ Aktiegesellschaft
Sëtz 31, rue de Hollerich
L-1741 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Paul Peckels (Generaldirekter)[2]
Branche Medien
Produit Zeitungen, Zäitschrëften,
Librairien, Bicher, Press,
Radiosenderen, online Medien
Homepage mediahuis.lu

De 24. Abrëll 2020 huet déi belsch Mediahuis NV d'Kapital vu Saint Paul Luxembourg iwwerholl.[5],[6],[7],[8]. Den 19. Juli 2021 gouf den Numm offiziell op Mediahuis Luxembourg ëmgeännert[9]

Zu de bekannte Publikatiounen zielt d'Luxemburger Wort, déi eelst Dageszeitung zu Lëtzebuerg.

De Verwaltungssëtz war uganks zu Gaasperech an duerno um Houwald. Zanter dem 1. Dezember 2022 ass en am Heintz-Van-Landewyck-Gebai an der Hollerecher Strooss an der Stad[10].

Produkter änneren

Zeitungen an Noriichteportaler änneren

Nieft dem Luxemburger Wort gëtt Mediahuis Luxembourg haut d'Wochenzeitung Contacto an d'Zäitschrëften Télécran, Decisão an Auto Moto eraus.

D'Editioun vun der Gratiszeitung Point24 (an dräi Sproochen) gouf Enn 2012 no fënnef Joer agestallt, déi vun der franséischsproocheg Dageszeitung Voix du Luxembourg ee Joer virdrun.

Online gehéiert Mediahuis Luxembourg d'Websäit wort.lu op däitsch, franséischt a portugisesch[11] an dat engleschsproochegt Noriichteportal Luxembourg Times (luxtimes.lu).

Radio änneren

Mediahuis ass den Haaptbedreiwer vum portugiseschsproochege Radiosender Radio Latina. Dem Grupp säi fréiere Sender DNR huet den 31. Mäerz 2014 opgehale mat senden.

Internetsäiten änneren

D'Annoncewebsäiten mystuff.lu (Verkaf vun Alldagsgéigestänn), jobfinder.lu (Jobportal) a wortimmo.lu (Immobilieportal) gehéieren och zum Grupp.

Librairien änneren

Mediahuis ass de Besëtzer vun der Bicherbuttekschaîne Libo, zu där an hire beschte Jore bis zu sechs Geschäfter gehéiert hunn. 2019 goufen et just nach eng Libo-Librairie zu Dikrech an eng zu Gréiwemaacher.

Dréckerei a Verlag änneren

Zur Grupp gehéieren och eng Dréckerei, d'Imprimerie Saint-Paul, mam Reliuresatelier Reliure Saint-Paul.

De Verlag Éditions Saint-Paul, dee vun Ufank u bestanen huet, huet op den 1. Januar 2020 seng Dieren zou gemaach[12].

Management änneren

Gestioun änneren

Virun der Reprise duerch Mediahuis[6][7] war d'Mammenhaus vu Saint-Paul d'Lafayette SA, eng Gesellschaft, déi 1937 gegrënnt gouf[13] an déi als Zil huet den ekonomesche Patrimoine vum Bistum ze geréieren.

Verwaltungsrot änneren

D'Presidentin vum Verwaltungsrot ass zanter dem Juli 2021 d'Martine Reicherts.[14]

Fréier Verwaltungsrotcheffe waren:

Generaldirekteren änneren

Zënter dem 1. September 2013 ass de Paul Peckels de Generaldirekter vum Grupp[17].

Fréier Generaldirektere waren:

Literatur änneren

  • Georges Hellinghausen: Weit über ein Jahrhundert Success Story, 125 Jahre "Saint-Paul Luxembourg, Vom Druckereibetrieb und Verlegerhaus zum Multimedia-Unternehmen, in: Luxemburger Wort, 14.02.2012, S. 4.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Compte-Rendu vun der Generalversammlung vu Saint-Paul Luxembourg S.A. am Joer 2009; Mémorial C — N° 241, 4. Februar 2010
  2. Presentatioun vu Saint-Paul Luxembourg op paperjam.lu
  3. land.lu: Die Gegenwart unseres Volkes wiederum an dessen Vergangenheit anknüpfen (29. Juni 2018)
  4. Charles Jourdain: 100 Joër Sank Paulus Dréckerei 1887-1987 (Buch, gekuckt den 3. Juli 2019)
  5. Roland Arens, "Eine neue Zeit". Luxemburger Wort 28.4.2020
  6. 6,0 6,1 Mediahuis reprend le groupe Saint-Paul Luxembourg op wort.lu de 27. Abrëll 2020
  7. 7,0 7,1 De Multimedia-Grupp Mediahuis NV iwwerhëlt de Groupe Saint-Paul op rtl.lu de 27. Abrëll 2020
  8. Christoph Bumb, Warum das Bistum das "Wort" verkaufte, „Eine rein ökonomische Überlegung“, op reporter.lu, den 28. Abrëll 2020
  9. Saint-Paul Luxembourg heißt jetzt Mediahuis Luxembourg, wort.lu 20. Juli 2021
  10. Mediahuis Luxembourg S.A., B243490, CONSTAT DE TRANSFERT DE SIEGE SOCIAL, lbr.lu
  11. Déi portugisesch Editioun ass zwar ënnert wort.lu ze fannen, dréit awer de Logo vu Contacto.
  12. "Wat sinn d'Defien no der Fermeture vun den Editions Saint-Paul?" rtl.lu, 17. Februar 2020
  13. ageschriwwen am Handelsregëster ënnert B3042; publizéiert am Memorial C Nr 20 den 12. Mäerz 1937
  14. "Saint-Paul Luxembourg: Martine Reicherts wird Vorstandsvorsitzende." wort.lu, 10.06.2021.
  15. wort.lu: Ernennung: Luc Frieden wird Präsident von Saint-Paul Luxembourg (27. Januar 2016)
  16. wortl.lu: François Pauly nouveau président de Saint-Paul Luxembourg (18. Mäerz 2019)
  17. lessentiel.lu: Nouvelle direction à la tête du groupe Saint-​​Paul (26. Juli 2013)