De Charles Ruppert, gebuer de 4. August 1941 zu Uewerdonwen, ass e lëtzebuergesche Mathematiker, Physiker, Ekonomist a Banquier.

Charles Ruppert
Gebuer 4. August 1941
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist

Hien huet Mathematik a Physik op der Sorbonne zu Paräis studéiert. 1967 gouf hien du Professer-Stagiaire an der Idustrieschoul um Lampertsbierg.[1]

1968 ass hie bei den Office des assurances sociales gewiesselt an hien huet zu Nanzeg Ekonomie studéiert.

1974 war hie bei der Kreatioun vun der Inspection générale de la sécurité sociale implizéiert.

1977 war hien un der Reform vum Pensiounssystem bedeelegt.

1979 ass hie bei d'Kredietbank Luxembourg gewiesselt.

Vun 1992 bis 1995 war hie President vun der ABBL.

Vum 1. Januar 1988 u war hie Member vum Staatsrot an den 29. Abrëll 2004 gouf hie Vizepresident vum Staatsrot an ass an där Funktioun bliwwe bis zum Enn vu sengem Mandat den 1. Januar 2006. Am Staatsrot gouf hien duerch de Georges Wivenes ersat.[2]

2003 gouf hien Administrateur délégué a Generaldirekter vum Groupe Saint-Paul, wou hie bis 2006 bliwwen ass.

Vun 2004 bis 2006 war de Charles Ruppert President vum Conseil de presse.

Referenzen änneren

  1. Portrait vum Charles Ruppert op paperjam.lu
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot