Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Radio Latina ass eng kommerziell Radiosstatioun zu Lëtzebuerg. Si gouf de 5. Oktober 1992 vun der Societé Européenne de Communication Sociale lancéiert, enger S.à r.l. no Lëtzebuerger Recht, an där sech Persounen, Entreprisen (dorënner Saint-Paul Luxembourg) a Veräiner zesummefonnt hunn.

Zil ass et, de romaneschsproochege Communautéiten zu Lëtzebuerg, enger geschaten 150.000 Leit, an an den Nopeschregiounen e Radiosprogramm an hire Sproochen ze bidden. Dat si virun allem Portugisesch, mä och Spuenesch, Italieenesch a Franséisch. Radio Latina gëtt iwwer 4 Senderen op de Frequenzen 91,7 MHz, 101,2 MHz an 103,1 MHz FM ausgestraalt.

12 Leit schaffe fest bei Radio Latina, derbäi kommen eng 60 fräi Mataarbechter. De Comité de gérance gouf bis 2013 vum Marcel Glesener presidéiert an duerno vum November 2013 bis Mäerz 2019 vun der Isabel Wiseler-Lima. Gerante sinn de Luis Barreira an de Jean Vanolts, de Luis Barreira ass och Generaldirekter.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 25.200 Leit iwwer 12 Joer Radio Latina gelauschtert.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.