Léon Zeches
De Léon Zeches, gebuer de 27. Dezember 1942 am Rollengergronn (Lëtzebuerg), ass e lëtzebuergesche Journalist a Soziolog. Hien ass besonnesch duerch seng Leitartikelen am Wort bekannt, wouvun en tëscht 1995 an Enn 2009 de Chefredakter an Direkter war.
Léon Zeches | |
---|---|
Gebuer | 27. Dezember 1942 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Journalist |
Karriär
änneren- 1968: Redakter am Luxemburger Wort;
- 1976: Stellv. Chefredakter am Luxemburger Wort;
- 1995 - Enn 2009: Chefredakter an Direkter vum Luxemburger Wort;
- 2006 - Juni 2009: Geneneraldirekter vu Saint-Paul Luxembourg an zousätzlech Administrateur-délégué.
Publikatiounen
änneren- Artikelen a Bäiträg an Zäitschrëften a Sammelbänn
- Editeur mam Jürgen Haase vum Buch "Der Neunte Tag, Pfarrerblock 25487", d'Buch zum Film: "Der neunte Tag" vum Regisseur Volker Schlöndorff.
Auszeechnungen
änneren- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2010)[1]
- Den 21. Januar 2007 ass de Léon Zeches, nom Pierre Grégoire, Marcel Reding, Georges Kiesel a Pierre Werner als 5. Lëtzebuerger mam Peter-Wust-Präis ausgezeechent ginn.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 20 Journalisten und zwei Verleger in nationalen Verdienstorden ausgezeichnet op der Websäit www.press.lu