Éditions Saint-Paul
fréiere lëtzebuergesche Verlag
D'Éditions Saint-Paul war e lëtzebuergesche Verlag, dee Bicher an Ebooks erausbréngt. De Verlag war eng Branche vun der Mammegesellschaft Saint-Paul Luxembourg s. a.[1] mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.
Éditions Saint-Paul | |
---|---|
Sëtz |
2, rue Christophe Plantin L-2339 Stad Lëtzebuerg |
Branche | Verlag |
Produit | Bicher, eBicher |
Homepage | www.editions.lu |
E war 1887 gegrënnt ginn, a war dee gréisste Verlag zu Lëtzebuerg (wann een den Office des publications de l'Union européenne op der Säit léisst).
Säi Sortiment war breet gefächert a goung vun der Geschicht iwwer Toursismus, Sport, Droit, Steierrecht, Dictionnairen a Konscht, Jugend bis hin zu Fiktiounsliteratur.[2]
Op den 1. Januar 2020 huet de Groupe Saint-Paul decidéiert, de Verlag zouzemaachen.[3] D'Éditions Schortgen hunn d'Verlagsaktivitéiten iwwerholl.[4]
Literatur
änneren- Charles Jourdain: 100 Joër Sankt-Paulus-Dréckerei 1887–1987. Imprimerie Saint-Paul S.A.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Cf. https://web.archive.org/web/20131206041134/http://www.editions.lu/editions/
- ↑ "éditions SAINT-PAUL - 1er éditeur de livres au Luxembourg." op saint-paul.lu.
- ↑ "Wat sinn d'Defien no der Fermeture vun den Editions Saint-Paul?" rtl.lu, 17.02.2020.
- ↑ "Schortgen Editions übernimmt Buchverlags-Aktivitäten von Saint-Paul Luxembourg S.A." wort.lu, 13.11.2019.