Den Neie Radio
Radio DNR, bei senger Grënnung Akronym vun Den Neie Radio, war tëscht 1992 an 2014 eng lëtzebuergesch Radiosstatioun am AC-Format (Adult Contemporary) mat der Ziilgrupp 25–45 Joer. E gouf vun der Société de Radiodiffusion Luxembourgeoise s.à r.l., déi zum Grupp Saint-Paul Luxembourg gehéiert, bedriwwen.
Den Neie Radio | |
---|---|
![]() | |
Allgemeng Informatiounen | |
Typ | Radiosstatioun |
Land | Lëtzebuerg |
Sëtz | Gaasperech |
Sprooch | Lëtzebuergesch |
Geschicht | |
Ufanksdatum | 1992 |
Schlussdatum | 2014 |
Gestioun | |
Besëtzer | Éditions Saint-Paul |
Empfang | |
Frequenz | 107,7 MHz, 102,9 MHz, 104,2 MHz |
![]() |
Radio DNR gouf an de Méint no der Liberaliséierung vun der Radiodiffusioun zu Lëtzebuerg gegrënnt. De Programm war a Lëtzebuerger Sprooch, an huet sech un de Grand public geriicht. E gouf op der UKW-Frequenz 107,7 (Sender zu Blaaschent), 102,9 (Sender um Kierchbierg, zu Ëlwen an zu Wolz) an 104,2 (Sender zu Bieles, Mompech, Reiler, Ettelbréck, Léifreg a Butzdorf (D)), ausgestraalt.
Am November 2013 gouf ugekënnegt, datt den DNR am Februar 2014 ophale sollt a mam franséischsproochegen RTL2 ersat sollt ginn, enger regionaler Variant fir Lëtzebuerg an d'Groussregioun vum franséische Radiosender mam selwechten Numm, wouru Saint-Paul an RTL jee zu 50 % bedeelegt wieren.[1] Dëse Projet gouf awer de 27. Februar 2014 vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel refuséiert.[2] Radio DNR huet dunn den 31. Mäerz dat Joer definitiv opgehalen.[3]
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "RTL2 - En neien, franséischsproochege Radio fir Lëtzebuerg." RTL.lu - 21.11.2013, 13:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.11.2013, 13:50.
- ↑ "RTL2: Projet vu franséischsproochegem Radio gouf refuséiert." rtl.lu, 04.03.2014, 15:13:29.
- ↑ "La radio DNR cesse ses émissions." wort.lu, 28.03.14 17:24.
[[Kategorie:Lëtzebuergesch Radiosender