Lëtzebuerger Buchpräis
De Lëtzebuerger Buchpräis ass e Präis, dee vum Verband vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren zanter 2006 all Joer am Kader vun de Walfer Bicherdeeg vergi gëtt.
Zanter 2010 geschitt d'Selektioun an zwéi Schrëtt: Fir d'éischt huet eng Fachjury[1] tëscht de ronn 40 Bicher, déi déi Editeuren, déi Member vum Verband sinn, aus hire rezente Publikatiounen nominéiert haten, der 16 erausgesicht, jee véiermol 4 pro Kategorie. Dës Kategorië sinn: Literatur, Jugend- a Kannerbuch, Sachbuch a Bild- a Konschtbuch. Vun dëser Shortlist konnt da jiddwereen dee matmaache wëll, säi Favorit pro Kategorie wielen[2].
LaureatenÄnneren
2022Änneren
Aus der Shortlist vun dräi Mol fënnef Bicher goufen den 18. November zu Walfer dës Gewënner bekannt ginn[3]:
- Kategorie Sachbuch: Luxembourg-Lorraine au Moyen-Age vum Philippe Stachowkski a Jean-Marie Blaising (Gérard Klopp éditeur).'
- Kategorie Literatur: De Fléiepëlz, E Lëtzebuerger Orbis Pictus vum Pit Schlechter, mat Zeechnunge vum Pit Weyer (Kremart Edition).
- Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: Watgelift? vum Isabelle Hild an Andréi Clontea (PersPektiv Editions)
- Publikumspräis: Watgelift? vum Isabelle Hild an Andréi Clontea (PersPektiv Editions)
- Designerpräis: Le difficile chemin vers la grande ville vum Christian Aschman a Robert L. Philippart, Editions Guy Binsfeld.
2021Änneren
Aus der Shortlist vun am ganze 16 Bicher[4] goufen den 18. November zu Walfer dës Gewënner bekannt ginn[5][6]:
- Kategorie Sachbuch: #LuxUKLinks (Maison Moderne) vum John Marshall
- Kategorie Literatur: Bluttsëffer (Imprimerie Centrale) vum Jhemp Schuster
- Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: Waking the Mountain (Zoom Éditions) vun der Marina Fonseca an der Lisa Junius
- Designertpräis: Stories from the Inside (40 Years Valentiny Architects: Point Nemo Publishing)
- Publikumspräis: 12 Nei Gutt-Nuecht-Geschichten (Éditions Phi) vun der Sonja Bintener an der Sejana Granatkina
An der Jury waren dat Joer: Marcel Kieffer (Journalist), Isabelle Marinov (Autrice), Romy Liefgen (Libraire), Miriam Rosner (Grafikerin) a Pascal Seil (Centre national de littérature).
2019Änneren
- Kategorie Sachbuch: Mit den Haien streiten (CapyBaraBooks).
- Kategorie Literatur: Les Bulles (Hydre Editions) vum Tom Reisen
- Kategorie Kanner- a Jugendbuchbuch: So mol, Lobo (Kremart Edition) vun der Christiane Kremer an dem Vincent Biwer
- Spezialpräis "Coup de coeur" vun der Jury: Zweemol schwaarze Kueder (Op der Lay) vum Gast Groeber
- Publikumspräis: Dizzy on the Road (Editions Revue) vum Ralph Diseviscourt a Gaston Zangerlé
2018Änneren
- Kategorie Sachbuch: Eugène Mousset, le maître d'Esch vum Luciano Pagliarini a Laura Caregari (Éditions Schortgen)
- Kategorie Literatur: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge vum Nico Helminger (Éditions Guy Binsfeld)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Wooow!!! Lëtzebuerg vum Thomas Schoos a Keong A-Song (Éditions Guy Binsfeld)
- Publikumspräis: An American in Luxembourg vum Mike McQuaide (Éditions Saint-Paul)
- Spezial Präis „Design“: Histoires de familles vun der Marie-Hélene Lebeau-Taschereau (Éditions Maison Moderne)
- Spezial Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury: Subridere. Un aller simple vun der Nathalie Ronvaux (Hydre Éditions)[7].
An der Jury waren: Jay Schiltz (Auteur), Charlotte Ziger (CNL), Jean-Marie Reding (Bibliothecaire), Laurent Daubach (Graphiker) an Nicolas Calmes (Student uni.lu, Gewënner vum Prix Laurence 2017)[8]. D'Präisser ware mat allkéiers 500 Euro dotéiert[7].
2017Änneren
- Kategorie Sachbuch: ex aequo: I'm not a refugee vun der Frédérique Buck (Éditions Maison Moderne); Le pays des 3 frontières vum Philippe Stachowski (Édition Klopp)
- Kategorie Literatur: Aname vum Charel Meder (Op der Lay)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Telmo vum Roland Meyer (Éditions Op der Lay)
- Publikumspräis: I'm not a refugee (Éditions Maison Moderne)
- Spezial Präis „Design“: D'Linn Lynn vum Luc Marteling an Tom Schartz (Kremart Édition)
- Spezial Präis „Coup de Coeur“ vun der Jury: Larven vun der Nora Wagener (Hydre Éditons)
An der Jury souzen: Isabelle Spigarelli (Autorin), Claude D. Conter (Direkter vum Lëtzebuerger Literaturarchiv), Julie Conrad (Designerin), Bea Kneip (RTL), Jeanne Tournau-Offermann (Musel-Sauer Mediathéik) a Sacha Dahm (Student vun der Uni.lu)[9].
2016Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Die Dynastie Luxemburg-Nassau vum Marc Schoentgen a Pierre Even (Éditions Saint-Paul)
- Kategorie Literatur: Komm net kräischen vum Claudine Muno (Éditions Op der Lay)
- Kategorie Sachbuch: E Maufel Lëtzebuerg vun der Maischi Tibesart (Éditions Guy Binsfeld)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Eng Maus am Haus vun der Renée Weber (Éditions Op der Lay)
- "Coup de Coeur" vun der Jury: Impossible Readings vum Carla Lucarelli, Jeff Schinker, Nathalie Ronvaux, Ian de Toffoli, Guy Helminger, Gast Groeber, Raoul Biltgen, Florent Toniello, Francis Kirps, Tullio Forgiarini, Nora Wagener a Jean Bürlesk (Hydre Éditions)[10]
2015Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: The Art of Mr Hublot vum Laurent Witz (Éditions Schortgen)
- Kategorie Literatur: Rasch(t)Auer vum Roland Harsch (Éditions Guy Binsfeld)
- Kategorie Sachbuch: Anne’s Kitchen: Barcelona-Istanbul-Berlin vun der Anne Faber (Éditions Schortgen)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Dreamcatcher Volume 3 vum John Rech an Andy Genen (Éditions Schortgen)
- "Coup de Coeur" vun der Jury: La théorie de l'univers – distiques décasyllabiques vum Lambert Schlechter (Éditions Phi)
- Spezialpräis vun der Jury: Unter Büchern – Enthüllungen eines Insiders vum Sabrina Notka, Mich Geimer, Steffi Willkomm a Stanislas Marchal (Éditions Guy Binsfeld)[11]
2014Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Kasematten - Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg vum Jérôme Konen (J. Konen Prod.)
- Kategorie Literatur: All Dag verstoppt en aneren vum Gast Groeber (Éditions Op der Lay)
- Kategorie Sachbuch:: Anne’s Kitchen vun der Anne Faber (Éditions Schortgen)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Den Eppes vum Jhemp Hosceit an Dorota Wünsch (Éditions Guy Binsfeld)
- "Coup de Coeur" vun der Jury:
- Spezialpräis vun der Jury: Illustratioune vun der Dorota Wünsch[12]
2013Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Bopebistro Buch vu MASKéNADA (Éditions Saint-Paul)
- Kategorie Literatur: De Pol muss an de Krich vum Péil Schlechter (Éditions Guy Binsfeld)
- Kategorie Sachbuch: Et war net keen vum Steve Remesch an Eric Hamus (Éditions Saint-Paul)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Wa Lämmercher grouss gin vun der Marie Hoffmann (Éditions Op der Lay)
- "Coup de Coeur" vun der Jury: Plakkerskamp vum Bonneviale Project Luxembourg (Éditions Op der Lay)[13]
2012Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: De Mann aus dem Séi vun der Henriette Nittel (Éditions Op der Lay)
- Kategorie Literatur: Muedebëtzeg vum Roland Meyer (Éditions Op der Lay)
- Kategorie Sachbuch: Ketty Thull vum Carlo Weber a Fränk Weber (Éditions Schortgen)
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Gefaangen an der Diddelenger Geschicht. Band 1 vum John Rech an ND! Genen (Éditions Schortgen)
- Éierepräis fir säin Engagement fir d'Bicher zu Lëtzebuerg: Fernand Mathes (RTL Radio Lëtzebuerg)[14]
2011Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Die geheimen Gärten Luxemburgs vun der Marianne Majerus an der Françoise Maas
- Kategorie Literatur: Mondelia vum Jhemp Hoscheit
- Kategorie Sachbuch: De Sproochmates vum Alain Atten
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Starallüren um Krautmaart vum Roll Rossi, Mireille Weiten-de Waha a Marco Weiten[15]
2010Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Luxemburg in der Welt vum Luc Marteling a Steve Müller
- Kategorie Literatur: Dat klengt Buch vun der Doudangscht vun der Claudine Muno
- Kategorie Sachbuch: Kaffeepause in den Anden vum Sandro Luci
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Gartenzwerge küsst man nicht vun der Monique Philippart
- De Pol Cruchten krut e Spezialpräis fir seng filmesch Ëmsetzung vum Jhemp Hoscheit sengem Roman Perl oder Pica[16]
2009Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt vum Jérôme Kohnen mam Groupe spéléologique luxembourgeois (Éditions Schortgen)
- Kategorie Literatur: Todeswasser vum Marco Schank (Éditions Op der Lay)
- Kategorie Sachbuch: Top Secret - Auch das ist Luxembourg! (Band 3) vum Marc Wilwert, zesumme mam Luc Marteling, Marc Thill a Claude Feyereisen (Éditions saint-paul).
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Dem klenge Felix seng grouss Rees vun der Renée Weber (Éditions Op der Lay)[17]
2008Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: Lëtzebuerg an de 60er Joeren [sic] vun der Bibi Krings (Éditions Schortgen).
- Kategorie Literatur: Tatort Rollengergronn vun der Monique Felgen (Éditions saint-paul)
- Kategorie Sachbuch:Top Secret - Auch das ist Luxembourg! (Band 2) vum Marc Wilwert, zesumme mam Luc Marteling, Marc Thill a Claude Feyereisen (Éditions saint-paul).
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: Monsteren am Gaart vum Jhemp Hoscheit a Vanessa Staudt (Éditions Guy Binsfeld)
- Spezialpräis vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren: De Roger Manderscheid gouf geéiert fir seng Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Literatur[18]
2007Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: ???
- Kategorie Literatur: ???
- Kategorie Sachbuch: ???
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: ???
2006Änneren
- Kategorie Bild- a Konschtbuch: ???
- Kategorie Literatur: ???
- Kategorie Sachbuch: ???
- Kategorie Kanner- a Jugendbuch: ???
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Am Jury 2010 waren: Jean-Claude Diderich (Libraire), Jeanne Glesener (Uni Lëtzebuerg), Germaine Goetzinger (Nationales Literaturarchiv), Georges Fautsch (Filmemécher), Claude Mangen (Kulturjournalist). Lëtzebuerger Buchpräis 2010: "Shortlist" publizéiert." rtl.lu, 07.10.2010, 16:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 07.10.2010, 16:47.
- ↑ "Lëtzebuerger Buchpräis 2010. Pressemitteilung." op clc.lu.
- ↑ "Lëtzebuerger Buchpräis: Hei sinn d'Gewënner!" rtl.lu, 18.11.2022 08:32
- ↑ 16 Titel in der Endauswahl. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-10-15). Gekuckt de(n) 2021-10-17.
- ↑ "Bluttsëffer" gewinnt Literaturpreis. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-11-18). Gekuckt de(n) 2021-11-19.
- ↑ Lëtzebuerger Buchpräis 2021: De Literaturpräis geet un de Jemp Schuster mat "Bluttsëffer". www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-19.
- ↑ 7,0 7,1 Gewinner des „Lëtzebuerger Buchpräis“ sind bekannt op wort.lu de 15. November 2018
- ↑ Ian De Toffoli neie President a Longlist vu Buchpräis mat 57 Wierker op rtl.lu den 23. August 2018, gekuckt de 16. November 2018
- ↑ Lëtzebuerger Buchpräis 2017 - Preisträger sind bekannt op wort.lu de 16. November 2017
- ↑ „Lëtzebuerger Buchpräis 2016“ op bicherdeeg.lu, gekuckt den 18. November 2016
- ↑ „Der Lëtzebuerger Buchpräis wurde verliehen“ op www.luxembourg.lu, dem Internetportal iwwer de Grand-Duché vum Service information et presse, gekuckt den 18. November 2016
- ↑ „Lëtzebuerger Buchpräis 2014 vergeben - Gast Groeber mit Buchpräis ausgezeichnet“ op wort.lu, gekuckt den 18. November 2016
- ↑ Lëtzebuerger Buchpräis 2013: And the Winner is... wort.lu - 14.11.2013 18:22
- ↑ "Didd. Geschicht, Muedebëtzeg, Ketty Thull, Mann aus dem Séi." rtl.lu - 15.11.2012, 17:38 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.11.2012, 21:16.
- ↑ "Vier Kategorien, vier Preise". wort.lu, 18.11.2011 06:45.
- ↑ "Buchpräis 2010 fir Philippart, Muno, Luci a Marteling/Muller" rtl.lu - 19.11.2010, 06:09 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2010, 09:54.
- ↑ „Lëtzebuerger Buchpräis ë. a. fir Höhlen an Todeswasser“ op rtl.lu, gekuckt den 19. November 2016
- ↑ „Buchpräis 2008: Spezialpräis fir de Roger Manderscheid“ op rtl.lu, gekuckt den 19. November 2016