Muedebëtzeg ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Roland Meyer, deen 2011 am Verlag Op der Lay erauskoum. Dat Joer drop krut en de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur.

Muedebëtzeg
Auteur Roland Meyer
Genre Roman
Erauskomm 2011
Verlag Op der Lay
Sprooch Lëtzebuergesch

Ëm wat geet et am Roman?

änneren

De Paul, en erfollegräichen Architekt ëm déi 50, kuckt zeréck op säi Liewe mam Laura, mat deem en zanter Studentenzäiten zesummen ass, an dat Kriibs diagnostizéiert krut, a seng (éischter sexuell) Relatioun mam Isabel, enger jonker Architektin.

Literatur

änneren