Rock the South ass e Museksconcours fir Nowuessbands, deen zënter 2009 all Joer zu Péiteng ofgehale gëtt.

Prinzip änneren

De Rock the South gëtt vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng Péiteng zesumme mam Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert. En ass eemol d'Joer am Home St-Hubert zu Péiteng.[1]

En adresséiert sech u jonk Amateursrockgruppen, déi nei an der lëtzebuergescher Musekszeen sinn. Fir kënne matzemaachen, muss op d'mannst d'Hallschent vun de Museker zu Lëtzebuerg wunnen an d'Altersmoyenne vun all de Bandmembere muss op d'mannst 15 Joer a maximal 25 Joer sinn.[2] All Joer maache véier oder fënnef nei Gruppe mat. Donieft trëtt och nach en "Headliner" op, eng aner Lëtzebuerger Grupp, déi schonn etabléiert ass.

Lidder mat rassisteschem, homophoben oder sexisteschem Contenu ginn ausgeschloss, an all Grupp dierf maximal 30 Minutten op der Bün spillen. Duerno wielt eng Jury de Gewënner aus, a bewäert d'Gruppen no der Originalitéit vun de Lidder, Charisma a Presentatioun, musikaleschem Talent, Kontakt an Interaktioun mam Public, a Promotioun vun der Grupp am Virfeld.[1]

De Gewënner kritt d'Méiglechkeet, en Album oder eng EP an engem professionelle Kader opzehuelen, an däerf beim Rock the South d'Joer drop nees hors Concours optrieden. Den SNJ wielt dann och e Gewënner, deen um nächsten On Stéitschfestival dierf optrieden.

Editiounen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Datum Gewënner Aner Participanten Headliner Quellen
Joer Datum
2009 Lost in Pain ? Taxi, Backyard, Miles to Perdition, Notoriety ? [3],[4],[5]
2010 ? Opportunity AAAD, Thoughts of the 4, ? ? [6]
2011 ? ? ? Backyard [5]
2012 10. November Tuys ? Anthem of the Sun [7],[8]
2013 16. November District 7 ? ? [8],[9]
2014 13 Dezember Danny Boland Awakening the Seasons, Another From Above, The Magnums Go By Brooks [10],[9]
2015 28 November The Kooters Skyscrapers, Almost Endless, Rat October, Justice of the Trigger, Tiffanie Joyce Dream Catcher [11],[12]
2016 10. Dezember Trappers Rat October, Seekers, The Choppy Bumpy Peaches, Shadows of November Another from Above [13],[14],[15]
2017 16. Dezember Fallen Lies Adrian, Deep Dive Culture, Insert Bandname, Fallen Lies The Choppy Bumpy Peaches [13],[16],[17]
2018 15. Dezember Legacy of Atlas Drife, Serpent, Stelise Irina [16],[18],[19]
2019 7. Dezember Atomic Rocket Seeders Fehltritt, Arduinna's Dawn, Calypso's Call Lost in Pain [18],[2],[20],[1]
2020 net organiséiert
2021 11 Dezember The Cookies White Noise, Office of Weird, Suffocate, Zirocco Mad Fox [2]
2022 10. Dezember ? Deep Dive Culture, Trouble in Paradise, SCIAN, Boy From Home Versus You [21]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 chronicle.lu: Atomic Rocket Seeders Win Rock the South 2019 (10. Dezember 2019)
  2. 2,0 2,1 2,2 wort.lu/mywort: Rock the South 2021 - La sélection! vum Véronique Biver (2. Dezember 2021)
  3. Pétange, Meng Gemeng, Bilan 2008-2009, Säit 16
  4. wort.lu: Soundscapes-Festival 2009 (15. Mäerz 2012)
  5. 5,0 5,1 Concerte vu Backyard op backyard.lu
  6. Facebookpost vun Thoughts Of The 4 (16. Mee 2010)
  7. Facebook-Event
  8. 8,0 8,1 Luxemburger Wort: Rock the South 2013 (9. November 2013)
  9. 9,0 9,1 magazine-karma.fr: Danny Boland : vainqueur du Rock the South 2014 !
  10. chroncile.lu: Rock the South (13. Dezember 2014)
  11. lequotdien.lu: Pétange : groupes amateurs, faites du bruit ! (29. September 2015)
  12. luxtimes.lu: Newcomer bands battle it out at 'Rock The South' contest (23. November 2015)
  13. 13,0 13,1 lequotidien.lu: Ça va rocker dans le Sud (8. Dezember 2017)
  14. chronicle.lu: Entries open for Rock the South Band Competition (19. Oktober 2016)
  15. chronicle.lu: Trappers and Seekers Announced Winners of Rock the South 2016 (14. December 2016)
  16. 16,0 16,1 info-lux.com: Rock the South 2018 à Pétange (fir d'lecht aktualiéiert: 6. Mee 2021)
  17. chroncile.lu: Fallen Lies and A D R I Ʌ N Win Rock the South 2017 (18. Dezember 2017)
  18. 18,0 18,1 tageblatt.lu: „Rock the South“-Contest / Atomic Rocket Seeders heißen die Sieger vum Sascha Dahm (9. Dezember 2019)
  19. chronicle.lu: Legacy of Atlas wins Rock the South 2018 (17. Dezember 2018)
  20. chronicle.lu: Four Newcomers Selected to Perform at Rock the South 2019 (26. November 2019)
  21. Facebook-Event