The Cookies sinn eng lëtzebuergesch Museksgrupp, déi 2021 an d'Liewe geruff gouf.

The Cookies
Museksgenre Funk, Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2021
Websäit Facebook
Memberen Dora Jacoby (Piano)
Tom Pessers (Basstrombone)
David Jans (Saxophone)
Luca Wolff (Trompett)
Philippe Schiltz (Batteur)
Mathis Girst (E-Bass)
Pol Dahm (Rap, Gesank)
Davin Griso (E-Bass)
Erik Olinger (Gittar)
Magaly Da Silva Ferreira (Gesank, zënter 2022)

Bandgeschicht änneren

D'Grupp ass am September 2021 um Festival On Stéitsch opgetrueden an huet e puer Méint drop de Bandconcours Rock the South gewonnen.[1] Déi Victoire huet et hinnen erlaabt, professionell Opnamen am Charel Stoltz sengem Museksstudio Holtz Sound zu Tënten ze maachen.[2]

Am September 2022 ass déi éischt EP Gegrimmels mat véier Lidder op Lëtzebuergesch erauskomm.

Discographie änneren

EP änneren

  • 2022: Gegrimmels

Referenzen änneren

  1. wort.lu/mywort: Rock the South 2021 - La sélection! vum Véronique Biver (2. Dezember 2021)
  2. komma7.lu: Interview mat The Cookies (1. Oktober 2022)